De Podcast dës Woch mam Kënschtler Stéphane Halleux an dem Galerist Maurice Schortgen.

Podpurri Episod 110 De Stéphane Halleux an de Maurice Schortgen

"Monsieur Hublot" dat ass den Numm vum Kuerzfilm mat deem Lëtzebuerg 2014 säin éischten Oscar gefeiert huet. Am Mëttelpunkt e Personnage, deen de belsche Sculpteur Stéphane Halleux kreéiert hat.

Trailer "Mr Hublot"

Laang virum Oscar huet de Stéphane Halleux säin eenzegaartegen Univers opgebaut. Well d'Zeechnen him ze laangweileg ginn ass, ass hien op Skulpturen ëmgeklommen mat enger besonnescher Technik a senger grousser Begeeschterung fir all méiglech Piècen aus Metal, Lieder, Stoff, déi en op Brocanten a Floumäert gesicht huet.

RTL

Seng éischt Ausstellung war 2003 an der Galerie Schortgen an der Stad an den Intérêt war direkt grouss. An der Tëschenzäit si seng Personnagen a Gefierer schonn uechtert d'Welt ausgestallt ginn, ë.a. zu Paräis, Bréissel, Miami. Ëmmer erëm kënnt en awer op Lëtzebuerg. Net fir näischt heescht seng aktuell Ausstellung "Home Sweet Home".

Ze gesinn ass se an der Galerie Schortgen an der Stad. Virdru gouf et awer eng Avant-Première zu Esch beim Héichuewen an do huet d'Christiane Kremer sech mam Artist Stéphane Halleux a sengem Galerist Maurice Schortgen ënnerhalen.

RTL

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL