De Podcast dës Woch mat der Filmregisseurin Laura Schroeder iwwer hiren neie Film "Maret".

No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Realisatrice Laura Schroeder elo hiren drëtte Long-Métrage an de Kinossäll. "Maret" (Produktioun: Red Lion - Distributioun: Tarantula) erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt.

Podpurri Episod 115 D'Filmrealisatrice Laura Schroeder

D'Thema huet d'Laura Schroeder scho laang intresséiert, ëmmerhin wollt si eemol a Richtung Medizin a Psychiatrie goen, ier se d'Passioun fir Filmer maachen entdeckt huet.

An der Bouneweger Stuff, wou si och un der Serie "Comeback" matgeschafft huet, huet se dem Christiane Kremer méi iwwer hir Aarbecht erzielt, iwwer Fiktioun an Dokumentär iwwer Film an Theater, iwwer d'Dréiaarbechten op Lanzarote an iwwer d'Schaffe mat Schauspillerinne wéi Isabelle Huppert a Susanne Wolf.

Trailer "Maret"

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL