AUDIO: Flunkernews 4/19 vum Sege Olmo

Davos e klenge Forum: Mat May, Macron a virun allem Trump hu wichteg Leit an der Schwäiz um Forum gefeelt. De President vun der Schwäizer Konfederatioun hat di initial Ried gehalen. Den Amerikanesche President, dee wéinst der weltberühmter Mauer total frustréiert ass, wollt sech di Saach net undinn well de Schwäizer Konfederatiounspresident Ueli MAURER heescht.

Prënz Philip: Nom spektakulären Accident vun der Queen hirem Mann huet een endlech d‘Äntwert op d’Fro firwat d’Elisabeth II dann ëmmer, wann si ënnerwee war, eppes um Kapp hat. Am Fong waren dat all déi Joerzéngten ganz moudesch a faarweg Casquen well si hirem Mann ni beim Fueren getraut huet.

Geschwënn gratis ëffentlechen Transport : Mir si weltwäit dat éischt Land! Domadder kënne mir vläicht vill Suen maachen. Et kommen dowéinst bestëmmt ganz vill Touriste bei eis déi bereet sinn ganz deier ze bezuelen fir gratis kënnen ze fueren…

Den Autosfestival ass lancéiert: An de Garagen sëtzen d’Famillen dacks beim Patt a stellen vill Froen. Déi meeschtgestallte Fro ass wahrscheinlech wéi vill Liter den Auto op 100 Kilometer verbraucht. Wann een d’Clienten esou mam Glas an der Hand kuckt, kinnt een sech froen wéi vill Liter si op 100 Kilometer verbrauchen.

Venezuela an der Kris: Den Amerikanesche President huet deenen zougesot déi wéinst dem President Maduro aus Venezuela musse flüchten, an Amerika kënnen ze kommen an dat iwwert Kolumbien, Panama, Costa Rica, Nicaragua, Honduras, Guatemala a schlussendlech Mexiko. Dat ass nach gutt méiglech well jo nach keng Mauer un der Grenz tëscht Mexiko an de States ass…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...