Mir hunn ewell méi dacks iwwer déi verschidde Regional- a Lokalvariante vun eiser Sprooch geschwat, déi natierlech Ënnerscheeder an eisem Lëtzebuergesche maachen…ower et si keng eege Sproochen! Dat kann net dacks genuch beduecht ginn.

Huelt emol e Saz wéi dësen: D’Kand huet e schwaarzen Hond kritt. Do fannt dir zu Wolz: D’Kaand hoat ee schwoarzen Hoond krit; méi am Norden: D’Kand hott e schwaarzen Hond kricht; méi erof am Westen: D’Kaund/d’Schaund höt e schwaarzen Hound kritt. Et gëtt deer Ënnerscheeder nach eng ganz Partie, ower dat si keng speziell ‚Dialekter‘. Et ass och ze verstoen, datt déi ‚gestackte‘ Leit aus deene Géigenden alt e bëssen op hir Sprooch-Eegenart halen…vläicht esouguer houfreg drop kënne sinn. Ower…Awer…Eewer…Eewel…

D’Griechen haten ower ewell vrun Dausende vu Joere bekäppt, datt hir verschidde Sproochvarianten (Idiomen) zwar eng schéi Saach wieren, mä datt hire Staat besser mat enger ‚Mëttelsprooch‘ giff fonctionnéieren. Déi Mëttelsprooch huet ‚Koinè‘ geheescht, an et ass och déi, déi mir bei hire Philosophe fannen, op dat elo de Sokrates, den Aristoteles, den Demostenes oder anerer sinn. Dat huet sech dann och op déi Manéier méi spéit bei de Réimer/Laténger esou gewisen; beim Äsop an senge Fabelen ass et ganz däitlech ginn. Mir fannen dann z.B. deeselwechten Zock beim Iwwersetzer vun deem ‚bäigepraffte‘ Laténge Äsop senge Fabelen am Franséischen, dem Jean de La Fontaine…wou mir en houfregt ‚Mëttelfranséisch‘ begéinen, net eng regional Variant. An –– ärem Schreiwer wier et net agefall ‚séngt Weelzer‘ fir déi Lëtzebuergesch toute proportion gardée Iwwersetzung vum grousse Fransous senger Fabelen ze ‚holen‘, esou op d’Fassong : D’Kaand hoat säi schwoarzen Hoond verloren. Dat kann/soll ee respektéieren, ower ‚siehe oben‘.

Vum Här Charel Munchen hunn ech dëser Deeg e ganz intressante Bréif kritt, wou et ëm dee bekannten  Zischlaut ‚sch‘ um Mikro geet, dee mir am Minett, an der Haaptsaach zu Esch a Schëffleng, fannen. Natierlech gëtt dat dann och alt emol gelunge Verwiesselungen: De Louis mëscht eng Fläsch rischteg op; esch drénken déi dann am Goart hannert der Goar égel; dat huet seng Froa mär gesot. Muss dat och bei ‚Speaker‘sinn? Déi ‚Zischerei‘ an deen ‚oa‘ gëtt et net an eiser Mëttelsprooch, der Lëtzebuerger ‚Koinè‘…an nëmmen déi kann eis Sprooch um Liewen halen, resp. weiderbréngen. Wann een esou eppes schreift, da kritt ee gär séier duergebass, et hätt een eppes géint dat Escher/Weelzer/Miseler/Eechternoacher asw., wat ower och glat net stëmmt. Dat sinn alles sympathesch lokal/regional ‚Varianten‘, wéi mir deer och kéipweis an anere Sprooche fannen. Mä och ee vu Marseille schreift am ‚Figaro‘ dee klassesche ‚français moyen‘, grad ewéi déi grouss franséisch Schrëftsteller vu gëscht an haut. Eise Rodange (mat bewosst ënnerschiddleche Beispiller), de Marcel Reuland, de Pir Kremer, de Paul Greisch, de Jhemp Hoscheit an Dosenden anerer schreiwen en ‚Duerchschnëtts-Lëtzebuergesch‘, egal vu wou si hierkommen!…äre Schreiwert och, obschonn hien zu Wolz ganz gär ‚Weelzer‘ schwätzt…eng Fro vu Fanger(Fieder-)spëtzegefill. An enger Grimmel Nodenkes.

Hei eraus gëtt sech dann eng ganz kloer Saach: Wien um Mikro – egal op watfir enger Antenn – fir d’Leit aus dem ganze Land wëllt schwätzen, dee soll sech wannechglift un d’Mëtt vum Lëtzebuergeschen halen. Wou déi dann ongeféier geschwat gëtt? Just an der geographescher Mëtt vum Land; also ronn vun Ettelbréck bis Walfer (Mierscherdall)…iwregens dem Paul Greisch seng Heemecht!...Näischt fir ongutt, an dem Här Charel Munchen nach eng Kéier e Merci!