En Thema, dat ëmmer an iwwrall aktuell war, ass a bleift;  fir jidderee vun äis.

Wat ass eigentlech Mammesprooch? Et déi ‚Schwätz, déi mir als alleréischt an Téin, Wierder a Sätz héieren a selwer geschwat hunn. Déi Sprooch musse mer  net onbedéngt nëmme vun eiser Mamm matkritt hunn; mir héieren a léieren se och iwwert eis Famill an Ëmwelt: D’Famill doheem; Nopeschkanner sinn, mat deenen ee spillt, Frënn vun den Elteren, de ‚Précoce‘ asw. Iwwer d‘Joere ‚verfeinert‘ a vergréissert sech eis Mammesprooch. Mir huelen alles op wéi e Schwamp; eise Vokabulär gëtt ëmmer méi grouss, wat mir méi Relatioune mat anere Leit kréien. D’Qualitéit vun deer Sprooch hänkt natierlech vun en etlechen Elementer of, déi e Psychiater äis explizéiere kënnt, an… wann z.B. kee mat engem Kand schwätzt, dat Kand schlecht, knapps oder guer keng Sprooch matkritt, ass et, je nom ‚Täti‘, eng Katastroph fir d’ganzt Liewen.

Interessant ass, datt Kanner hir éischt Wierder, Tonalitéit a Rhythmus net eréischt héieren, nodeem se op Welt komm sinn, mä, wéi mer haut wëssen, schonns am Bäichi  vun der Mamm. Japanesch Fuerscher hunn iwwerdeems scho viru Joerzéngten erausfonnt, datt déi jeeweileg Mammesprooch, am Fong ons „Primärsprooch“, esouguer am Gehier eng aner Plaz huet, wei all aner Sproochen duerno, déi praktesch ‚opgeprafft sinn an am Sënn vum Ausdrock eng méi oder manner féx ‚Iwwersetzung‘ bleiwen. Déi ‚Primär‘- oder Mammesprooch huet nun emol normalerweis jiddereen.

Eng Mammesprooch – och  och eis! – kann een ower an all Sprooch net nëmme verfeineren, leider och verhonzen, doduerch datt een, wéi bei äis zum Beispill, ‚echt‘ Lëtzebuerger Wierder muttwëlles duerch däitsch oder aner Ausdréck ersetzt, hallo TV!. Mir als Lëtzebuerger hu souwisou eng speziell Stellung zur Sproochbildung, well mir, anescht wéi Fransousen oder Englänner scho ganz fréi a Kontakt mat anere Sprooche kommen; sief et elo an de Geschäfter, am Ëmfeld vun eisen Elteren oder och apaart iwwer elektronesch Medien. An de Schoule léieren eis Kanner d‘éischt Däitsch an am zweete Schouljoer ewell  Franséisch, psychopädagogesch gekuckt deemno fréi ‚friem‘ Sproochen! Doduerch hu mir dann och eng ganz aner Relatioun zu ‚frieme‘ Sprooche wéi an aneren Natiounen… hunn doduerch, ëmgedréint, och e ganz aneren ’Drot‘ bei eis Mammesprooch.

Mir hunn u sech déi grouss Chance, datt mir hei zu Lëtzebuerg op enger wonnerbarer Sproochkräizung leien. Déi „Mëschkräizung/ melting pot“ vum Germanesche mam Romanesche beräichert eis Mammesprooch wéi knapps eng aner. Si féiert intressanterweis och ganz speziell an d’Englescht, wat jo zënter dem 11. Joerhonnert – no der ‚Battle of Hastings‘ + dem normanneschen Iwwerhuele vun der englescher Kroun  – eng immens Mëschung tëscht dem Germaneschen (Angelsächseschen) an dem Romaneschen (Franséischen) aus der Normandie ginn ass! Iwregens: wouhier kënnt dann dat ‚Angelsächsescht ?

Eis Sproochsituatioun – fir net vu ‚Liichtegkeet‘ mat deene ville Sproochen ze schwätzen, déi mir gebrauchen an héieren, huet e sëlleche Virdeeler, ower  och eng Rei Nodeeler fir en zerguttstert  Lëtzebuergesch bäizebehalen: Doduerch, datt mir eis Ausdréck fir Begrëffer ëmmer nees (muttwëlles!) duerch Wierder a Sazbildungen aus anere Sprooche ersetzen. Dat ass ganz gutt am Internet ze gesinn, wou  eis Mammesprooch eng enorm grouss Plaz huet… wéi?... dat ass natierlech eng aner Gei J! Eng Haaptschold dorun: Leider iwwerliesen d‘Leit am Internet dacks net, wat se geschriwwen hunn, well dat hinnen net esou wichteg schéngt, oder net séier genuch geet.

Trotzdem kann een der Meenung sinn, datt den Internet an all senge Formen ‚Schnabbelformen‘eiser Mammesprooch eng Hëllef gëtt, vun deer vru 25 Joer net emol ee gefuebelt hätt. Hei entsteet eng wonnerléif ‚Gewunnecht‘, esou mateneen ze ‚mailen/simsen‘, wéi een am ‚Liewege‘ matenee schwätzt. Domat dreiwe mir souzesoe ‚stolen Dunnen‘ an en déiwe Fong… fir d’Erhalen an Entwéckele vun eiser Mammesprooch.