2 Presidenten: D’Situatioun an dem Südamerikanesche Land ass enorm gespaant well esouwuel de Maduro wéi de Guaido behaapten si wieren de legitimme President. Et ass definitiv einfach een ze vill. Iergendwéi passt dat awer leider well d’Land jo Vene-zwee-la heescht.

Futsal wat eng Blamage: Beim Derby am Halefuttball tëscht dem FC Kiischpelt- Wëlwerwolz an dem FC Wolz 71 koum et zu onheemlechen Kläppereien wou Spiller, Dirigenten an Zuschauer mat dra verwéckelt waren. Wolz war éischter bekannt fir dat grousst Fest wou et ëm de Gënz geet an elo muss do leider iwwer Futsal Hooligënz geschwat ginn.

Mat allen Tricker geschafft : Mer wollten eng grouss Mall hunn an dem neien Auto dee mer um Autosfestival kafen. Di eng Vendeuren hunn eis d’Literzuelen gesot; ee Vendeur war méi originell. D’Mall vun sengem Autosmodell war esou grouss datt wéi hien an d’Mall geruff huet kuerz drop en Echo ze héiere war.

Kee Fëmmverbuet op den Terrassen: D’Feministen freeë sech datt endlech verschidde Wourechten am Kontext sexuell Belästegungen erauskommen. Hier Kollegen, déi sech fir d’Rechter vun de Leit déi d’Zigaretten gären hunn asetzen, haten och hire klenge Succès an dëst well ee weider op den Terrassen dierf fëmmen. Feine Succès also fir d’Fëmministen…

Geschwë nees Walen: Elo virun den Europawalen mat als Hannergrond dem Brexit si nach d’Sozialwalen bei eis. Vill Leit riskéieren duercherneen ze ginn. E Jonken dee näischt vun de Sozialwale wousst an och net syndikéiert ass, krut e Flyer vum OGB-L geschéckt. Hien huet gemengt datt hätt eppes mat Great Britain ze dinn.

AUDIO: Flunkernews 5/19

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...