Déi alleréischte Kéier, wou et héichoffiziell ëm eis Sprooch gaang ass, war dem C.M. Spoo seng feierlech-feiereg Ried vun 1896 an eiser Chamber. Mengt ower jo nëmmen net, do hätt de Sall vu Begeeschterung geziddert. De Spoo guff praktesch ausgelaacht, well hien sech esou mat Häerz an Äifer fir d‘ Sprooch vun de Kniecht an Déngschtmeedercher giff asetzen! D’Ofstëmmung iwwer de Sproochegebrauch an der Chamber war dann och deemno: D’Lëtzebuergescht hat eng eenzeg Stëmm kritt; dräimol däerft dir roden… Konstitutionell net mat ofgestëmmt huet deemools natierlech de Staatsminister Paul Eyschen; hie war ower e begeeschterte Frënd vun deem ‚Heeschekand‘ Lëtzebuergesch, an huet ni verstoppt, datt eis Sprooch e Stéck vun der Lëtzebuerger Identitéit war, woumat hie méi ‚Spiirtes‘ gwisen huet wéi déi meescht ‚Notabilitéiten‘ aus der deemoleger Politik. Dat ass och alt erëm kee puren Zoufall, oder dach: Den Eyschen hat an sengem Staatsministère e Beamte sëtzen, deen net nëmmen säi Fonctionnaire gewiescht ass, mä zënter jonke Joeren säi perséinleche Frënd an esouguer Bäckeschjong-Noper aus der Dräikinneksgaass war, den Dichter Michel Lentz! Do ass den Dicks natierlech net wäit vum Schoss gewiescht; och méi jonk Leit wéi den Nic. Welter an den Auteur vum 1. Lëtzebuergeschen Dictionnaire, den Dr. Weber, waren um ‚Kommen‘; si hu sech speziell fir dem Michel Rodange säi Reenert intresséiert an agesat.

Wien eis Geschicht aus dësem Ufank vum 20. Joerhonnert kennt, dee versteet, datt d’Sproochfro aus villen, och staats-existenziellen Ursaachen e wichtegt Element gi war. Sou ass et dann och ze verstoen, datt dat Feier, dat de Spoo 1896 geluecht hat, vun do u gesickert a gesiddertst huet ( dat waren och déi jonk Joere vum Feierkapp Lucien Koenig, alias Siggy vu Lëtzebuerg)… bis d’Lëtzebuergescht den 10. August 1912 fir d’alleréischt Kéier legal, also an engem Gesetz, eng héich offiziell Nues gewisen huet, an zwar an deem neie Schoulgesetz, dat jo nach wéinst anere Bestëmmunge indirekt eng explosiv-politesch  Roll sollt spillen. Domat hat eis Sprooch zwar eng Roll, an der Primärschoul, mä déi konnt et nëmme spillen, well den Nic.Welter an säi Kolleg René Engelmann e Bichelchen dofir zesummegestallt haten… dat et 40 Joer laang als (eenzege) ‚Manuel scolaire‘‚gepackt‘ huet. Fir de ‚Rescht‘ stong d‘ Lëtzebuergescht souzesoen am ‚Biischteschaf‘, mä feierlech op der Zensur als ‚Langue et littérature luxembourgeoises‘.

Vu ‚Gesetz‘ fir eis Sprooch  konnt also am Fong keng Ried goen; och net, wéi an den 30er Joere kloer gewosst war, datt et giff rabbelen…a längst eng ‚Gesellschaft für deutsche Literatur (GEDELIT)‘ souzesoen déi  5. Kolonn fir den Nazi-Krom gespillt huet. Spéitstens déi Zäit wier d’Ursaach a Geleeënheet fir e Sproochgesetz mam Lëtzebuergeschen zeideg gewiescht…nixdegibbi!

Wéi d’Nazien äis dann den 10.Oktober 1941, am Sënn vum Ausdrock, just mat der Sprooch wollte vergewaltegen, sinn de Lëtzebuerger d’Aen opgaang! Et ass schwéier ze verstoen, firwat dann net spéitstens bei der Ännerung vun eisem Grondgesetz aus de 40er Joeren d’Lëtzebuergescht erëm einfach am Motzeck stoe gelooss guff. En Uertel doriwwer wëll ech mir net erlaben; eng däitlech Meenung wäert ower op der Plaz sinn…a bräicht nach laaaaang Zeilen.

Dëse Mount ginn et dann elo 35 Joer, datt  iwwer d’Stëppelen a Wuddere vu Leit aus eiser ACTIOUN-LËTZEBUERGESCH eis Heemechtssprooch definitiv an engem Gesetz ëmschriwwen an no alle legale Methoden an d’Gesetzbuch vum Land komm ass! Wat  sech doduerch duerno alles gemaach huet an maache wäert…mir bleiwe konsequent hannendrun!