AUDIO: Flunkernews 07/19 vum Serge Olmo

Nei Radaren: An Däitschland ginn et scho laang Strecken-Radaren. Op der Iechternacher Streck kënnt elo och bei eis geschwënn esou e Radar wou een am Ufank an zum Schluss de Radar passéiert an da gëtt d’Duerchschnëttsvitess erfaasst. Vü dat een e Radar passéiert an dann nees passéiert gëtt vu «Strecken»-Radar geschwat well e een jo «repasséiert».

Ominös Mauer: A Plaz z’insistéieren fir eng sënnlos Mauer opzeriichten misst den Trump op den Autobunnen Separatiounsmaueren opriichten a renovéieren. Domadder géif hien wierklech eppes fir d’Sécherheet vun de Leit a Kalifornien maachen. Déi Kalifornesch Maueren géifen d’Demokraten och bestëmmt ënnerstëtzen.

Liichtmëssdag: Wéi bei Halloween maachen ganz vill Leit Owes d’Luuchten aus fir datt keng Kanner bei si schelle solle kommen. Déi zwee Deeg ass den Stroumverbrauch vill méi kleng wéi di aner Deeg. Obwuel do d’Leit d’Luuchten ausmaachen schwätzt een do awer vu Liichtmëssdag.

De Pic ass erreecht: D’Grippe-well ass a ville Länner um Maximum ukomm. A verschiddene Géigenden, wou och Äerdbiewengefor ass, fäert een esouguer e Grippentsunami.

Vältesdag: Deen Dag brauch ee net emol drun ze denken en Dësch fir 2 am Restaurant ze reservéieren. Jiddereen ësst gären am Tête à Tête an et kritt een, wann een als Koppel urifft, gesot et wier «complet». Allerdéngs wann een en fir 3 Leit reservéiert; da klappt et komescherweis.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...