AUDIO: Flunkernews 8/2019 vum Serge Olmo

E Wollef zu Lëtzebuerg : Dëse soll sech tëscht Käerch a Simmer ophalen. D’Schofsbesëtzer sinn e bëssen a Panik. Et ass awer am Fong logesch, datt dës wëll Déiere sech esou op d’Schof fokusséieren, well et ass jo e Woll-ëf.

Nei Affär: No der Bommeleeër Affär, déi eist Land jo Joerzéngten an Otem gehalen huet, an no de Granaten, déi zu Zéisseng an zu Bieles fonnt goufen, fäert eise Geheimdéngscht, datt et am Grand-Duché elo e Granateleeër gëtt.

Groussbritannien: D’Labourpartei an d’Tories, dat geet einfach guer net méi. Dat Eenzegt, wat d’Situatioun politesch kéint retten fir d’Labourpartei, wier nëmme Bioproduiten ze benotzen, well da géifen et keng Conservateure méi ginn…

2. historesche Sommet: Den Donald Trump an den Kim Jong Un wäerte sech geschwënn nees gesinn. Nordkorea mat sengem iwwerliefte Kommunistesche Regimm wëll op internationalem Plang existéieren. Net ze vergiessen ass, datt de Putin hannendrun d’Ficellen zitt. Ass et dowéinst, datt de Sommet am SoViet-nam wäert sinn?

Klimawandel: Et gesäit een elo schonn zu dëser Joreszäit an den héije Bierger riseg gréng Wisen, wou d’Schof drop grasen. Virun e puer Joer louch zu dëser Joreszäit nach Schnéi op deene Plazen. Dat huet 100% eppes mam Ré-Schofement climatique ze dinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...