Et ass eng Grimmelche lëschteg, ower ‘1984‘ heescht och een immens bekannte Roman, an deem de George Orwell 1949 prophezeit huet, wat – 35 Joer duerno – ‚lass‘  wier. Hien hat zesoen an allem recht. Haut lauert de ‚Big Brother‘ net nëmmen zesoen iwwerall; mir lafen esouguer an der Täsch mat deem Kauzekapp doruechter. Et dauert net méi laang, da wäerte mir och net méi anonym duerch d’Stad trëppelen, ouni eenzel an enger ‚crowd‘ erfaasst a vläicht verroden ze ginn…China! Vun all deem ‚Cybergehäck-Krich‘ emol net ze schwätzen.

1984? Do war dach och eppes am Grand-Duché lass. An haut sinn et och domat genee 35 Joer, datt eppes geschitt ass, wat praktesch 40 Joer laang verluppt gi war. Dat konnt den Orwell natierlech net wëssen, gelldir. Et war jo och net esou wichteg…op d’mannst fir all déi aner…bis op d’Lëtzebuerger. Ower mengt jo nëmmen net, dat Gesetz, dat de 24. Februar 1984 ënnerschriwwe guff, wier iwwerall gutt ukomm; et guffen der esouguer, deenen dee ‚Fanatismus‘ wéi de Soud eropgestouss huet…an nawell net deer Allermannster!

Ee vun hinnen,e fläissegen a kompetenten ower kauzege Professer huet gesot a geschriwwen, en ‚Dialekt‘ giff net an e Gesetz gehéieren a soll souwisou vrun allem mëndlech bleiwen…wat dann ower 100% géint seng 2 monumental Bänn iwwer d’Lëtzebuerger Literatur geschwat huet.  Iwregens ass d’Fro vun Dialekt/Sprooch vu weltbekannte Linguisten (z.B.Claude Haguège) einfach op de griechesche Begrëff vu Sprooch=Idiom gestallt ginn.

En aneren – dichtege  Schreiwert, mä queesche Muppes! – huet mir an d’Gesiicht gesot: „Dann hues Du Däi Gesetz jo elo; dann ass d’Bananerepublik etabléiert.“ Him hat ech geäntwert, da giff hien engagéiert, fir d’Bananen ze plécken a riichtzebéien. Wéi heescht et am Sproch: Eiser Härgott huet vill Kaschtgänger, ower keng, déi näischt iessen…Et deet mir ower nach haut net wéi, datt hie vu ‚mengem‘ Gesetz geschwat hat; ech bleiwen esouguer houfreg drop!

Wéi mir de Plang fir d’Gesetz, de ‚projet de loi‘, e gutt Joer virdrun am deemolege ‚Bâloise-Gebai‘ bei deer  Aler Bréck geschriwwen hunn, hat de President a Jurist Raymond Weyland heinsdo seng bor Méi, déi verschidde Meenungen op ee Leescht ze kréien, an de Sekretär Emmanuel Servais hat säi Krämpes domat…ower d’Saach gong hire gudde Wee. Meng perséinlech bescht Stäip war de gudde Frënd an Top-Historiker Gilbert Trausch…well dem ‚Gil‘ säi Wuert huet ëmmer duebel gezielt!

Et kënnt ee bal soen, da wiere ‚mir‘ Orwellercher gewiescht: 25 Joer duerno sot deeselwechte  Professer bei engem ‚Italiéiner‘ zu menger Frächen, si soll mech gutt versuergen, well ech giff nach gebraucht, abeejo! Ech giff him wënschen, hie wier nach do, fir ze gesin, watfir ‚Sprénk‘ eis Sprooch just an de leschte 35 Joer op all Fassong gemaach huet.

Et bleift äis elo en Teimer voll Aarbecht, fir dat Stéck Heemechtssprooch op all Manéier auszebauen an ‚an der Riicht‘ ze halen. Mir mussen et net onbedéngt mat den anere ‚petites langues‘ aus der EU vergläichen. Eis Sprooch gëtt iwregens vu méi Leit geschwat wéi d’Islännescht, dat irlännescht Gaelescht oder dat Maltesescht…a brauch sech dofir och sécher net ze verstoppen; mir hunn zwar keen Nobelpräis Laxness, an déi bescht irlänesch Schrëftsteller hunn och kee Gaelescht mä Englesch geschriwwen…eist Lëtzebuergesch ass ower ewell uechter d’ganz Welt als respektabelen ‚Idiom‘ bekannt…dee mir als Haaptstéck vun eiser souveräner Eegestännegkeet ganz einfach zerguttst fir eis wéi fir d’Generatioune vun eise Kanner a Kandskanner versuergen (a weise) sollen.