Et sinn der vill vun äis am Franséische mat grammatesche Kniwwelen a Knätzele gepéngegt ginn, déi e sëlleche Ponkte kascht hunn, vrun allem duerch deen zackerdjëssen ‚accord du complément direct ( Le film que j’ai décrit / les films que j’ai décrits/ la pièce que j’ai décrite/ les pièces que j’ai décrites)…wat jo an der langue de Camus net onbedéngt mat Schreifweis, mä mat Grammaire ze dinn hat…do huet e Fehler dann 3 Ponkte kascht ( Fehler? firwat solle mir en 100% franséischt oder däitscht Wuert anescht schreiwe wéi an der Originalsprooch?...‘framboise‘ gëtt jo och net ‚Frambuas‘ an ‚trottoir‘ net Trottuar). Fir e pure Schreiffehler ( fir écrivin aplaz écrivain) waren an der Zäit 2 Ponkte fälleg. Djee, mir hunn äis un all déi ‚Queeschleke‘ musse ‚winnen‘. Och déi, déi duerch d’Preise bis d‘5. Schouljoer kee Paff Franséisch geléiert haten! Déi kéipweis Wierder, wou een x Bustawen huet misse schreiwen, déi ee beim Schwätzen einfach net héiert, oder déi am Fong iwwerflësseg, mä ‚sproochhistoresch‘ bedéngt sinn, hu méi wéi ee vun äis an d’Labberänte bruecht. Ower do guff et kee Pardon. Basta!

Wann ee sech dann haut um Internet Commentairë vu Fransousen op hiren Netzer ukuckt, oder Informatiounen iwwer Menüen…mammelikanner: wat do grammatesch an orthographesch vu Schmorri dra steet, dat geet op keng Elephantenhaut. Dat verhënnert ower net, datt ‚SI‘ et normal fannen, datt ‚MIR‘ hir Sprooch nawell zerguttst schreiwen.

Leider muss een (ale Schoulmann) feststellen, datt d’Franséischt ës an de leschten 30 Joer och bei äis fermer laanscht d’Läppe kritt huet; esouguer e sëllechen ‚Universitairë‘ schreiwen e Franséisch wéi de ‚billige Jakob‘, sief et am Opsaz, an der Grammaire oder an der Orthographie…dat huet äre Schreiwert beim Verbessere vu Concours-Aarbechte selwer klor festgestallt. Mä wouhier kënnt dat? Ganz einfach: Well d’Fëllement fir eng Sprooch  d’éischt emol d’Sprooch selwer ass (Vokabelen, Verben, Grammaire, Orthographie); d’Literatur soll dann no 2-3 Joer dorop opbauen; an der Mathe kënnt d’Divisioun jo och net vrun der Additioun/Substraktioun!

Wien sech iwwer d‘Schreifweis vum Lëtzebuergeschen an d’Sträng geheit, soll sech och emol froen, firwat et z.B. am Franséischen esouvill Zorte Schreiwweise fir de Laut ‚wär‘ muss ginn: un ver vert dans un verre vers 2 jours…firwat esou sëlleche ‚Stëmmerchesbustawe‘ bei accueillir, acquit, Bordeaux?

Am Däitschen hu mir dees Gedéngels och. Woufir musse mir de laangen ‚e‘ z.B. bei Sehne, Seele, Schere dräimol anescht schreiwen? Vum Engleschen net emol ze schwätzen: Si schreiwe ‚Gloucester‘ a soe ‚Gloster‘; si schreiwe ‚knowledge‘ a soen ‚nolitsch‘. D’Italiéiner brätschen e ‚g‘ an Nimm a Wierder, deen nach ni e Mënsch héieren huet (figlio, Gigli)…mä dir fannt knapps een, deen sech iwwer all déi Kuebereie beklot. Fäerdeg!

Bei all deem Geknadders solle mir  dann ower emol vläicht drun denken, datt d’Orthographie vum Lëtzebuergeschen keng esou eng ‚onméiglech‘ Saach ass, wéi een dat dacks ze héiere kritt. Och si muss iergendwéi geléiert ginn; an et muss een sech dru gewinnen. Wie systematesch kee Lëtzebuergesch liest – a scho guer net schreift – fir dee bleift et natierlech en ‚Heeschekand‘, dat een net austoe kann…op d‘Manéier wéi ee vun engem Hond seet, hie wier rosen, wann een en net ‘brauche‘ kann…iwregens eng typesch lëtzebuergesch Sproochfassong.