AUDIO: Flunkernews 9/19

Gläichberechtegung: Op der nordescher Schi-WM gëtt wuel vun Dopping geschwat, mä et gëtt awer och Positives ze vermellen. D’Dammen an d’Häre sprangen am Schisprange vun derselwechter Schanz; dat nennt ee Schanzegläichheet.

Sommet am Vietnam:
Wat war dat eng rise Show, mä ouni iergend ee konkret Resultat. Den Trump war ausser sech. Beim Réckfluch war an der Air Force One Ke-rosen. Dat ass am Fong falsch, well den Trump war immens rosen.

Geféierleche Weekend: Ganz vill Fuesbaler, naass Stroossen, Tonne Leit ënnerwee ... Et wier grad dëse Weekend ubruecht, net mat sengem Auto ënnerwee ze sinn, mä di ëffentlech Verkéiersmëttel ze benotzen. A grad dee Weekend, wou net vill soll gefuer ginn, heescht Fuer-sent.

Joreszäiten: Mam Klimawandel passen dës net méi richteg zu deem, wat an eisem Kal-enner steet. Am Wanter hate mer elo ronn 20 Grad. Iwwerhaapt si mer net méi ganz kredibel, wa mer vu Kal-länner schwätzen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...