An eise bekannste Sprooche gëtt et e ganz däitlechen Ënnerscheed tëscht EIS an ÄIS. Wat gengt dir z.B. vun dësen däitschen, franséischen oder englesch Sätzercher soen?

° Nos enfants nos appellent.

° Unsere Kinder rufen unsere.

° Our children call for our.

Falsch, falsch, falsch! Stëmmt.

Do laacht dir, gell…mä ass dat da méi koppeg, wéi wa mir soen, eis Kanner giffen eis ruffen?

Dir kënnt et elo och nach am Hollänneschen, Italiéineschen oder Portugisesche probéieren; do gëtt och grammatesch e kloeren Ënnerscheed tëscht deem gemaach, wat am Franséischen e ‚pronom possessif oder e pronom démonstratif ass, am Däitschen e ‚besitzanzeigendes oder en hinzeigendes Fürwort ass…Da kann ee jo wierklech verstännegerweis am Lëtzebuergeschen och net einfach doriwwer ewech-wéitschen, wann eisen Idiom wéinstens grammatesch ‚soll bei der Staang‘ bleiwen.

Kloer, mir hunn och nach lokal an esouguer regional Ausspoochënnerscheeder uechter d’Land: is/éis/ons…a just dora schéngt de Fong vun deem Gejirimiris vun eis-eis-eis ze leien, well an deene praktesch nëmme mëndlech gebrauchte Varianten de grammateschen Ënnerscheed net gemaach gëtt. Wa mir ower eng zolitt ‚Mëttelsprooch wëllen hunn, ausbauen an erhalen, da musse mir äis déi Saach ower iwwerleeën.

Ganz sécher giff et – bei enger Ëmfro à la ‚Schnëssen‘– ower en däitlecht Resultat, anzwar 80% fir eis/äis, an de Rescht giff sech dann ongeféier op Eechternach, Veianen, Sauer a Musel verdeelen. Et geet iwwerhaapt net drëm, dat eent oder dat anert ‚besser‘ ze fannen; et dréint sech nëmmen ëm eng Sproochfro, déi an ‚eisen‘ anere Sproochen ouni Féischt kloer geléist ass. Déi gëtt do och an der Schoul zerguttst behandelt a kascht Ponkten! Wa mir d’Lëtzebuergescht als d’Spooch vum Land wëllen an der Riicht halen, da komme mir net dolaanscht, et ‚strukturell‘ engegermoosse propper ze halen. E ganz gutt Mëttelche wier bei eise bekannsten Auteuren am Lëtzebuergesche ze fannen. Am Rodange sengem Duerf (Waldbëlleg) gëtt ‚is‘ gesot…dir sicht déi Fassong ower bei him selwer ëmsoss; den Dicks, e Staadter Jong geet dem ‚ons‘ aus der Wee (just de Lentz kann et net loossen; hien huet sech vum hollänneschen ‚ons/onsere‘ beaflosse gelooss…inklusiv vum falsche Gebrauch vum verschiddene ‚Pronomen‘). Kuckt vläicht och emol bei deene méi ‚neie‘ Schreiwerten: dem Pir Kremer, dem Paul Pütz, dem Pol Greisch, de Bridder Helminger, dem Guy Rewenig…oder ärem ‚Leitsgeheier ‚ an dëser Rubrik.

Et ass engem bewosst, datt dës ‚Kiischtekäerercher‘ e sëlleche Leit komplett egal sinn; just an enger vun de klassesch Grouss-Sprooche giffen si iech eng an d’Säit rennen, well dat jo e Feeeeeler wier. Abeejo, dajee dann. Mä entweder mir schwätze seriös doriwwer, oder soen éierlech, datt d’Lëtzebuergescht äis net kraazt. Et geet äis jo net esou iwwell gelldir; dann ass et jo och egal, ob mir ‚eis‘ fir ‚äis‘ huelen. Ponkt!