Kee verstännege Mënsch huet eppes géint déi ‚primär‘ Sprooch, déi mir bei der Mamm, dem Papp, de Gesëschter matkritt hunn; dat ass natierlech (och) eng kloer sentimental Saach.

Mä denke mir dobäi och drun, aus watfir engen Element-Sproochen déi ‚Mammesprooch‘ sech fir jidderee vun äis zesummesetzt. Ass äis bewosst, datt ewell am Nopeschhaus Ënnerscheeder zu deer Sprooch waren, déi eis ‚Haussprooch‘ gewiescht ass. Erënnere mir äis nach drun, datt ewell an ‚eiser‘ Strooss Sproochdifferenze waren; datt dëst esouguer ewell an anere Stroossen oder Deeler vun deerselwechter Uertschaft nach méi däitlech de Fall war?

Dat kann ech aus mengem perséinlech Fall ënnermaueren; och wann deen zimlech aus der Rei danzt, gëtt et dat fir d’Mammesprooch a ville Fäll an enger ganzer Rëtsch vun Uertschaften. Wann et ëm d’Mammesprooch geet, musse mir ‚differenzéieren‘, en ‚distinguo‘ maachen, wéi de Laténger gesot huet. Ewell d’Griechen (a virdru bestëmmt d’Egypter) haten eraus, datt aus deene sëlleche ‚Mammesproochen-Elementer‘ eng Mëttelsprooch sech misst eraus kristalliséieren, déi dann uechter hirt ganzt ‚Räich‘ ze verstoe wier. Datselwecht war fir d’Latäin de Fall bei de Réimer; fir d’Franséischt, dat Däitscht oder Englescht ass et net anescht gewiescht. Probéiert emol, dat Däitscht vu virum Luther senger Bibel-Iwwersetzung ze verstoen… ‘Pustekuchen‘. Eréischt vun no dem François 1er un ass fir äis eppes mam Franséischen dran; deeselwechte Phenomän fanne mir am Engleschen; am Portugisesche war et virum Camòes net anescht, asw.

Déi ganz Mierwelerei huet natierlech eng ‚politesch‘ Nues, well d’Kapphäre vun hirem ganze Vollek wollte verstan ginn. D’Schrëftsteller an Dichter an d’Schreiwerten am Allgemenge si verstänneger- weis mat op deeselwechte Wee gaang > op eng Mëttelsprooch! Doraus hunn sech dann déi ‚klassesch‘ Idiomen entwéckelt, an dat sinn déi, mat deenen een sech mat der Moyenne vun de Leit verstännege kann. Wou wieren dem Corneille/Racine/Molière/La Fontaine hir Wierker da ‚gelant‘, wann si hire regionale ‚Patois‘ geschriwwen hätten? Datselwecht ass de Fall fir de Shakespeare am Engleschen, de Goethe am Däitschen… an esouguer och, toute proportion gardée, bei äis. Iwregens: Watfir eng Sprooch gëtt dann an de groussen Zeitungen oder op der iwweregionaler TV an all deene Länner geschwat?

Fir dann nach eng Kéier (mat menger Entschëllegung!) op meng perséinlech ‚Mammesprooch‘ ze kommen: Meng gutt Mammi war vun Heischent, de Pappes vun Dikrech, déi eelst Gesëschter zu Péiteng, Iechternach, Dikrech gebuer… da kann een sech déi ‚Julienne‘ vun ‚Haussprooch‘ jo virstellen, wann och nach dat ‚Weelzer‘ sech donieft setzt. Fir mech selwer kommen nach Etappen zu Dikrech, Kielen, Kënzeg, Esch, Stad dobäi… kee Wonner, datt do eng ‚Mëttelsprooch‘ entsteet. Am Zuch vu Wolz an d’Stad krut ech ganz däitlech mat, datt deenen aus dem ieweschten Éislek grad ewéi de Leit vu Wolz hir typesch Regional- a Lokalsprooch sech ëmmer méi ‚verflaacht‘ huet, an zwar op e Mëttel-Lëtzebuergesch.

All dat hei huet jo da gewëss näischt mat ‚Aversioun‘ géint ‚Mammesproochen‘ ze dinn; déi si mir alleguer grad esou léif ewéi eng Mëttelsprooch/Koinè…ower heiansdo muss een och mam Verstand aplaz mat nëmme Sentimentalitéit un déi Fro erugoen…dat huet näischt mat ‚streng‘ ze dinn, well soss ass a jidfer Sprooch alles ze ‚streng‘ wann et ëm sougenannt ‚Schoulsprooch‘ geet. Iwregens: An der Moyenne schwätzt keen Däitsche Mann/Grass/Walser mam Noper; och kee Fransous Mauriac/Camus/Gide ‚op der Strooss‘, grad ewéi kee Shakespeare oder Shaw beim Patt…mä wéi de Schniewel nun emol gewuess ass; deemno seng ‚Mammesprooch‘! Wéi heescht et: Doriwwer kënnt ee Bicher voll schreiwen. D’Fro bleift!