Liesen oder lauschteren ... a laachen!

Alt nees e Feier-dag méi am Mee: An deem Mount si jo schonn e puer Feierdeeg, haaptsächlech wann de Päischtméindeg och an dee Mount fält. Solle mer aus dem Mee net einfach emol e Feier-mount maachen?

Drot tëscht Lëtzebuerg an der Belsch: Fir géint d’Schwéngspescht unzekämpfen, gëtt elo do en Drot opgeriicht. Net datt déi Trennung op eiser Grenz dem Trump eng Iddi gëtt an datt hie seet, datt et tëscht Mexiko an de States e Risiko vu Schwéngspescht gëtt …

D’Algerier an hire President: Et gesäit ee vill Fotoen a Filmer vun de Maniffen an deem Land. Vun hirem President net; en plus géif ee bei him net erausfannen, ob et eng Foto oder e Film ass.

Drëtte Gebuertsdag fir d'Radaren: Dat gouf negativ gefeiert well de Radar zu Raemerech op der viischter Säit mof gesprayed gouf. Vun hanne konnt normal geblëtzt ginn, wat vill Leit net woussten a wat e puer béis Iwwerraschunge wäert bréngen. Et misst een zwar wëssen, datt e Radar vu vir oder vun hanne gekuckt d’selwecht ass. Et brauch een nëmmen dat Wuert ze kucken.

Britescht Parlament: Hire President wollt net nees deeselwechten Text am Kontext Brexit eng 3. Kéier ofstëmme loossen. Hie wollt net nees un deemselwechten Text knaen. Hien ass jo kee Widderkäuer, och wann hien John Ber-Cow heescht.

AUDIO: Flunkernews 12/19 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...