Dëser Deeg konnt/kann een an der Press en etleches iwwer de sougenannte ‚Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise (CPLL)‘ gesin. Donieft och nach en Artikel mat engem Gespréich mam Ex-President vun dësem ‚Rot‘, dem Professer Marc Barthelemy, dee vrun e puer Méint ‚Regierungscommissaire‘ fir eis Sprooch genannt guff; hien huet seng joerelaang Missioun als Chef vum ‚CPLL‘ tiptop erfëllt, an déi nei Equipe ënnert der Madame Myriam Welschbillig huet da mat deem neie Commissaire elo en direkten ‚Drot‘ bei déi iewescht politesch Autoritéiten… eng prima Saach! Dat ganz neit ‚Gesiicht vun eiser Sproochsuerg‘ konnte e sech, wéi d’Actioun-Lëtzebuergesch 1971 (!) gegrënnt ginn ass, esouguer bal net  als ‚Fata morgana‘ virstellen… et ass zesoen iergendwéi ‚verréckt‘, wann ee bedenkt, datt eis Sprooch ‚an der Zäit‘ an der Chamber oder sosswéi offiziell ni e Wuert a kee Saz wert war. Dräimol däerft dir roden, wéi et dann esouwäit komm ass, wou mir haut domat stin. ‚Mir‘ si Joer an Dag laang fir eist Sprooch-Uleies bei Direkteren a Ministere gepilgert, fir eppes fir eis Sprooch ze heeschen (Schoulbicher; Uertschaftsschëlter; Tëlephonsbuch; Sproochcourën…). Mat Dosende vu Gemengen hu mir fir hir lëtzebuergesch Stroossennimm verhandelt, an hinnen eng Hand ugepaakt, wann et da bei déi nei Schëlter komm ass. Dat ass zwar alles ‚tempi passati‘, ower et deet net wéi, dee ganze Komplex ower emol vläicht mat engem däitleche Brëll ze kucken… an dann ze bedenken, wou mir haut mat deem ganze Gebitt ‚gelant‘ sinn. ‚We had a dream!‘ . Och wann d’Situatioun op kengerlee Fall mat de Suerge vum Martin Luther King ka verglach ginn: Mir sinn haut souzesoen aus ville vun eise ‚Sprooch-Dreem‘ an eng Wierklecht eran erwächt, déi fir d’Lëtzebuergscht net méi schéi kënnt sinn!

Gengt dir dann emol vläicht eng Grëtzelchen driwwer nodenken, wou dat Ganzt dann dru wier, wann d’Actioun fir eis Sprooch an de leschten 48 Joer net gewuddert, gebiedelt, gehollef, ugepaakt, explizéiert, deelweis gestëppelt a polemesch gekëddelt hätt? Dausende vu Gespréicher, groussen a klengen Artikelen um Radio wéi an den Zeitungen a ‚Relatiounen‘ hunn dem Lëtzebuergeschen dohinner gehollef, wou et haut op zeg Manéiere steet. Dat war zwar eng Freed, mä mengt jo net, et wier ëmmer ‚gerutscht wéi ‚Papjemusik‘. De Fransous schwätzt vun ‚noms d’oiseaux‘, wann et drëm geet, datt ee vernannt, veruuzt an esouguer veraa…t ginn ass. Dovu kënnte mir net nëmmen ee Liddche sangen; et giff deer bal e Bichelche voll… dat ass haut och esougutt wéi eriwwer. An engem fräie Land däerf jo ower och nach haut jiddereen säi Pefferkäerchen an eng Saach bäileeën… dat gëtt et  iwregens och nach an anere Sproochsituatiounen; dat ass dann ower wierklech dat bekannt ’Salz an der Zopp‘.

Eppes ass ower immens wichteg: Et sinn elo 2 ganzer GENERATIOUNEN hier, datt et fir eis Heemechtssprooch ‚ënnert de Leit‘ richteg ugefaang huet ze lauden. Dofir kann ee roueg soen, datt ronn d’Halschent vun de Lëtzebuerger z.B. mat lëtzebuergeschen Uertschafts- a Stroosseschëlter opgewuess sinn; kéipweis lëtzebuergesch Familljenannoncen an de Zeitunge fannen… an dat zugudderlescht NORMAL fannen. Och datt just si et als dat Normaalst vun der Welt fannen, hir Mailen an SMS-Relatioune praktesch all… op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Wéi gesot: We had (so many) dreams!