AUDIO: Flunkernews 13/19 vum Serge Olmo

Suitte vum Streik géint de Klima: D’Organisateuren hate vu 15.000 Schüler geschwat, déi gestreikt haten. D’Police schwätzt vu 7.500 Jonker. Eng Delegatioun vun den Organisateuren ass bei de Premier gaangen. Et gëtt vu 15 Leit geschwat déi beim Premier waren; d’Police schwätzt vu 7,5 Leit.

D’Auer réckelen op Halleffaaschten: Dëst Joer kafen d’Männer nees hire Léifsten eng Bretzel am Prinzip nodeem si d’Auer no vir geréckelt hunn. Eng onéierlech Fra sot hirem Kolleg, deen elo just eréischt an d’Land geplënnert ass, datt d’Traditioun ass, datt de Mann deen Dag senger Léifsten eng Auer keeft an d’Bretzel no vir dréint.

3 Punkten um gréngen Dësch: dat well e Spiller vun den Ukrainer net berechtegt war, fir ze spillen, no senger Naturalisatioun. Wann dat net géif klappen da kéint ee vläicht probéieren, d’Victoire ze kréien, well 5 Spiller, déi e Méindeg um Bou waren an déi méi wéi 28 Joer hunn, emol net an der aktueller Ukrain gebuer goufen, well d’Ukrain eréischt 1991 onofhängeg gouf.

Welche Bezierk fir Leideleng: Et kënnt uechter d’Land ëmmer méi op, datt d’Leit am Süden an am Zentrum och misste beim Referendum matmaachen, fir mat ze decidéieren, a wellechem Bezierk si Leideleng gesinn. Et ginn esouguer Leit, déi am Zentrum vu Leideleng wunnen, vun deene gesot gëtt si wieren zu Leideleng Süd. Wat sollen déi da soen?

Bréifwahlen fir Europa: Et ass dat de 26. Mee an dat ass jo an der Päischtvakanz. Vill Leit hunn hir Vakanz geplangt an hu sech nach net ugemellt fir d’Bréifwal. Et gi verschidde gutt organiséiert Reesbüroen, déi beim Buche vun enger Rees fir d’Päischtvakanz, eng Demande fir d’Bréifwale virgesinn haten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...