Ass iech ewell opgefal, wéi mir alt esou mat Familljennimm an eiser Sprooch ëmsprangen? Am Däitschen heescht e Weber nun emol Weber; am Lëtzebuergesche maache mir en ADLEG! Do ass et dach  DE Weber, de Jos Weber, de Schmits Henri, de Glesenesch René, d’Kréiesch Annette, d’Kimmessen Emely asw.

Vergläicht dat  mat deer däitscher oder deer franséischer Sproochfassong. Do gëtt och heiansdo en Artikel virun e Familljennumm gesat…ower nëmme wann ee besonnesch drop wëllt tippen. Mir hunn do eis eege Manéier…mat Ausnahmen am Norde vum Land, z.B. zu Wolz: do heescht et ‚Weber Jos, Glesener René, Kréier Annette, Biver Ketti, Feider Nelly war och do. Nach méi dorobber (Ëlwen, Bënzelt…)  si mir bal exakt am däitsche Gebrauch, an zwar komplett ouni deen Artikel, dee majoritär uechter d’Land gebraucht gëtt…an do ass et och intressant: Dat gëtt ‚heiënnen da  souzesoen eng ‚Genitiv-Konstruktioun‘, déi sech dann erëm no der Schlusssilb vum Numm riicht: d’Nimm op ‚-er‘ kréien do alleguer  hannen um Enn den ‚Zischlaut >SCH‘ Webesch – Kréimesch – Müllesch – Schneidesch – Grubesch - Biwesch…vrun allem wann e wëllt méi ‚kënneg‘ sinn, z.B.: Mir ginn a Webesch kafen; ech hu Schneidesch Gast begéint ; de Müllesch Mil war och do…ass dat dann elo ‚gelungen‘ oder net? Neen, et ass nun emol eis eege Fassong, fir mat Familljennimm (Patronymen) ëmzegoen. Dofir ass et iech vläicht nach ni apaart opgefal. Ass jo och net wichteg, geldir; maja.

Kann een dat mat den Nimm op ‚-er‘ dann elo als ‚regelméisseg‘ kucken? Jo …am ënneschten Deel vum Land. Probéiert selwer mat all denen Nimm, déi dir peréinlech kennt/gebraucht. Wéi gesot gëllt dat zu Wolz ower net onbedéngt: Do geet Weber Gast mat Müller Heng bei Schneider Jos. Déi Fassong zitt  also méi an den Norden… do kënnt ee bei deer sougenannter ‚ripuarescher‘ Sproochfassong eraus, déi op Oochen a Köln hi geet. Hei fält engem ower och tëscht dem däitschen an dem franséisch Gebrauch eppes op: Am Franséische steet de Virnumm bal ëmmer …vir; am Däitschen ass dat normalerweis net ëmmer esou…emol net vum Italiéineschen ze schwätzen, wou de Familljennumm zesoen ëmmer virbäi genannt gëtt…wat am Portugiseschen nach laang net esou muss sinn; do gëtt et dann och nach déi hei ongewinnt Situatioun, datt bis zu 3 oder 4 Virnimm virum Patronym stin.

Et wier vläicht net onintressant, emol erauszekëddelen, wéi et sech mat de Prozentsätz vun den heefegste Lëtzebuerger Familljennimm bei der Schlusssilb huet. Mir ass et, wéi wann déi op –er do an der Majoritéit wieren. Bal all déi aner kéimen dann an deer méi ‚familiärer‘ Form dann op dee ‚Genitiv-s‘ eraus, dee mir aus dem…Englesche kennen, do wou dee Genitiv-‚s‘ ower ëmmer wéinst der Verwiesselung mam Pluriel duerch en Apostroph vum ‚Stack‘ getrennt gëtt; dat begéint ee jo kéipweis bei Markennimm wéi Benson’s, Smith’s, Howard’s asw.

Dat ganzt Gemierwels iwwer dës Zoustänn ka jo vläicht dësem oder deem langweileg schéngen. Et ass ower dowäert, drop ze weisen, datt mir ‚gelunge ‚Luxusbierger (cf. Jeanine Kauth)‘ och hei sproochméisseg eng zimlech extra Positioun hunn…déi esouguer alt erëm lokal a regional Verschiddenheeten op eisen 2 600 km2 opweises huet. Ower: Eemol ass kee Gebrauch!