Villzevill dacks hale mir eiser lëtzebuergescher Ausdréck einfach fir Wierder vun ‚deer anerer Säit‘. Dat kann ee jo am Fong kengem verdenken, well d’Lëtzebuergescht jo, grad ewéi dat Houdäitscht e ‚germaneschen‘ Idiom ass, sou wéi d’Nidderlännescht, dat Dänescht a villes aus dem Engleschen. Wann dir deer Ausdréck (> hei ënnen) ower an e ‚propperen‘ däitsche Saz quëtsche wëllt, da kommen si ee vir wéi e ‚d’Gréidel am Hierscht‘… iwregens ass dat Wuert „authentesch“,  wéi deer esou sëllechen, en international gebrauchte griecheschen Ausdrock; deemno, grad wéi ‚Photo/Auto/Tëlephon/Mikrophon,asw. och eiser een, well international. Ower wéi steet et dann elo sprooch-‚authentesch‘ z.B. mat enger Saach, déi net grad liwwereg‘ ass / mat engem, deen net richteg liwwereg an der Bëls ass / mat engem Fett (Hämmel), dat gär am Mo liwwert ? Pëtzt et emol op Däitsch/Franséisch eraus. Dann alt erëm: ABEEJO!

Aner Beispiller:Et ass net erlaabt, Kanner lasszezéien… mä sot dat emol an enger anerer Sprooch, do ginn et der jo och alt emol an d’Laiskaul,mä wéi? Dir kënnt am Fong och nëmmen op Lëtzebuergesch verlaangeren, en Ausdrock, deen nawell gär mat Däitsch verglach e verwiesselt gëtt, wou een en ëmsoss siche geet. E klengen Däbbes ka ganz schéi maans sinn; wat ass en dann zu Lille/Essen? Bei äis brauch e Steemetzer Speis fir ze bauen… a soss enzwousch? Dir huet jo léiwer e Flapp Schmannt wéi e Flapp op der Strooss, gell? E richtege Flappes ka schéi flappeg ginn… wéi dann elo zu Lyon/Kassel? Wéi seet een zu Dresden oder Bordeaux fir e Butzi dee Wutzen/Witz/Knätzelen an den Hoer huet? Ass et manner léif, wa mir ee Stupp, Stippchen, Stuppes nenne wéi de Fransous säi ‚chou‘, oder esouguer ‚chouchou‘, eise Fiffi. Eis aaarem Sprooch, nedir!

Am selwechte Sënn: Ass dat ‚Gedäitschs‘ méi ‚feierlech‘, wann een e lëtzebuergeschen Artikel soll schreiwen? Da soll dat einfach esou sinn, wéi d’Leit nun emol normal an ongeschwolle schwätzen; soss rëtscht een zevill liicht an eng däitsch Schinn eran; dat kënnt natierlech dovun, datt déi Allermeescht vun äis – leider – net un d’Lëtzebuerger Schreif gewinnt sinn…wat sech ower hautdësdaags duerch den SMS an d’Commentairen um Internet glécklecherweis ze dréine schéngt; net deem ‚Banneschten‘ no, mä nom Sproochgebrauch. Fazit: Näischt ass esou schlecht, et huet säi Gutts!

Firwat muss een da ‚besuergt fir de Fortbestand‘ vun engem Veräin sinn, wann ee sech Suerge mécht, ob en nach weider besteet? – Ass e gudde Mënsch an d’Éiwegkeet gaang, da brauche mir keng Zeechen ze erweisen; mir ginn se einfach. – D’Wale stin un… dat wëllt dach soen, si wieren nobäi, oder? Bei all deem ‚Jaddermunnesse-Lëtzebuergesch‘ kënnt een dacks op zerguttst Lëtzebuergesch, an oniwwersetzbar, soen: Maacht iech dach net esou!