Mir hunn natierlech – wéi aner Sproochen och – plazeweis zimlech Krämpes, Wierder aus aneren Idiomen ‘eeriicht’, also Wuert fir Wuert eriwwer ze setzen. Am Lëtzebuergesche geschitt dat dann d’meescht mat enger Zort ‚Ëmschreiwung‘ , engem Niewen- oder Relativsaz. En intressant Beispill ass den däitschen Ausdrock DIEBSTAHL. Hei fanne mir am Franséische d’Vkabel ‚vol‘…mä dat ass och alt net dat Gielt vum Gackelchen, well mir hunn datselwecht Wuert jo och beim Fléie vu Vullen a Flugmaschinnen, gell. Am Englesche mécht ‚rapt‘ d’Saach, ower elo am Lëtzebuergeschen deen…asw. erënnert, an et stellt sech alt erëm d’Fro, ob mir äis dannh ëmmer erëm un d’Däitscht mussen halen an deem upassen. Vläicht wier eng ‚Déiwerei/Klauerei‘ eng giedeleg Propositioun…denkt och emol iwwer dat ‚giedeleg‘ no: et ass 100% eises!

Dat ass dann alt erëm esou e butzegt Gedankespill driwwer, wéi d’Lëtzebuergescht sech seng eege Pännercher fëlle kënnt, fir sech ze entwéckelen. Uechter eist ganzt Land fënnt een iwregens Ausdréck, déi ganz flott kënnten an eng Sammlung/Collectioun fir kleng Bausteng/Zillen an deer Sprooch ze gebrauchen, déi nun emol, ee Gléck!, och geschwënn eng zerguttst Plaz an eiser Constitutioun soll kréien. Et gëtt teimerweis Beispiller, déi ee kënnt opschreiwen. Huelt dach emol e Verb wéi ‚TRËLLEN‘, dat iwregens méi ewéi eng Bedeitung huet an esouguer de Fong vun engem net grad positiven Ausdrock liwwert: Gitt emol an enger anerer Sprooch no engem ‚Trëllert‘ sichen J

Intressant wier dann dat Gebitt, wou et sech ëm d’Iessen dréint: Mir ‚trätsche‘ Gromperen; mir kënnen se ower och ‚tripsen‘, wann net esouguer ‚knätschen‘…probéiert et emol am Däitschen. Dat bekannt ‚scrambled egg‘ aus dem Engleschen, oeuf brouillé am Franséischen, ‚Rührei‘ op däitsch,  huet ewell laang e Wuert bei äis: mir ‚triwwelen en Ee‘…an och dat ‚Getriwwels huet jo erëm e puer Bedeitungen, en intressant Gedanke…getriwwels.

Ass iech bewosst, datt eng ‚Stee‘ an eng ‚Stee‘  am Lëtzebuergeschen zweeërlee bedeite kann…just, datt mir net direkt dorunner denken: Op enger Stee kënnt dir en Haus ‚steeën‘, vrun deem eng ‚Stee‘ fir eng nei Fassad opgeriicht ass.

Anert intressant Beispill: Op eppes ‚diichten‘; dat ka mat enger Flënt oder engem ‚Klabes‘ de Fall sinn; et gëtt der och, déi ‚biischten‘ aplaz ‚diichte‘ soen…mä Hand op d’Häerz: Gengt dir ‚eenzock‘ den däitschen oder franséischen Ausdrock dofir fannen, vläicht och nach den engleschen?

All dat schéngt natierlech net esou apaart wichteg, oder esouguer ‚Méckepéilerei‘, ower wéi ass et da mat deer Manéier vu ‚Gelammels‘ an deenen anere Sproochen? Och do ginn esou klinzeg ‚Knätzelereien/Kniwwelereien‘ der Schwätz oder Schreif eng bestëmmte Fuerf; bei äis besteet just d’Gefor, datt mir bal ëmmer erëm an d’Houdäitsch era glëtschen, aplaz e bësse méi dacks drun ze denken, datt dem Dicks oder dem Marcel Reuland hirt Lëtzebuergesch en typesch lëtzebuergescht Gesiicht hat an huet. Wien dem Rodange säi Reenert oder säi ‚Léierche‘ kennt (an net nëmmen dovu schwätzt), dee versteet a weess, wat an eiser Sprooch stécht. Et geet dach wierklech net domat duer, ëmmer erëm ze behaapten ,eng Sprooch giff sech weiderentwéckelen/evoluéieren…dat weess zesoe jiddereen…mä ‚Evolutioun‘ heescht dach net, ouni Nodenkes/‘Féischten‘ egal wat aus dem Däitschen, leider och muttwëlles aus dem Engleschen, an d’Lëtzebuergescht ze pechen.

En Déifstall>Päerdsstall>Kéistall>Schwéngsstall