AUDIO: Flunkernews 15/2019 vum Serge Olmo

Bodybuilding an Dopping: Och zu Lëtzebuerg goufe Leit festgeholl no enger grenziwwerschreidender Police-Aktioun. D’Athlete wëssen, datt et geféierlech ass, ze doppen, mä fir si ass hire Sport wéi eng Relioun. Et schwätzt ee jo och vu Muskel Mass.

Afrikanesch Schwéngspescht: Wéi ass dat z’erklären, datt an der Belsch iwwer 700 Fäll bekannt sinn. Bei eis an a Frankräich ass d’Schwéngspescht nach net festgestallt ginn. Sprëtzen d’Baueren an der Belsch aner Produite géint Ongeziwwer? Vläicht Pescht-iciden?

Populisten op engem Koup: An der Haaptstad vun der Lombardei hu sech europäesch rietsextrem Parteie getraff op Initiativ vum italieneschen Inneminister. Et ware lauter Leit invitéiert, déi europaskeptesch sinn a nëmmen no hirem Land kucken. Kee Wonner, datt dee Meeting zu Mäi-Land war…

Brexit bis den 31. Oktober verluecht: Vue datt dat een Donneschdeg ass an de Freideg 1. November e Feierdag ass, wäert dat deen Dag am Joer sinn, wou déi meescht Leit d’Bréck maachen. Och wann d’Briten deen Dag net aus Europa wäerte goen, ass garantéiert deen Dag all Site, wou geschafft gëtt, e Bréck-Site.

Iwwerdriwwenen Trainerwiessel: Den Trainer vu Rouspert huet opgehalen, fir den Dag drop en Job beim RM Hamm unzehuelen, géint déi déi Rousperter de Weekend drop spillen. Den Trainer hätt vläicht an der Halschent vum Match Rouspert-Hamm sollen annoncéieren, datt hie no der Paus déi géigneresch Ekipp géif trainéieren. Dat géif nach besser ukommen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...