AUDIO: Flunkernews 16/19

Klappjuegd: Dës ass bekanntlech geféierlech. Et ware am November jo Wëllschwäin op d’Autobunne gelaf wéi ganz vill Kaméidi gemaach gouf bei esou enger Klappjuegd. Elo fir Ouschteren, wäerten d’Wëllschwäin jo net nees op d’Autobunn lafen wann d’Kanner klibberen ginn.

Filmer op Ouschteren: Dëse Week-end gi nees vill Filmer vun alle Genren op alle Statioune gewisen. Verschiddener weisen och Cowboyfilmer. Ech fannen dat passt sech net elo op Ouschteren «Western» ze weisen; et sinn souwisou éischter «Ostern».

Autosbränn zu Hesper: Et ass erstaunlech datt weider Autoen verbrennen obwuel den Haaptverdächtegen an Untersuchungshaft war. De beschte Beweis datt den Haaptverdächtegen näischt domadder ze dinn hätt wier vläicht wa säin Auto och géif brennen…

Drot géint d’Schwéngspescht: Am Süde vum Land gouf di lescht Deeg iwwert en alternativen Drot geschwat. D’Leit froen sech ob et en Drot ass mat Picken. Et kann een d’Leit berouegen; obwuel et en Zonk géint d’Schwäin ass, ass et awer keen PIG-egen Drot.

Venezuela: D’Leit hunn es definitiv genuch vun all deenen Pannen haaptsächlech vun de Stroum-Pannen. Ganz vill Awunner verloossen d’Land. Firwat ginn der dann esou vill, obwuel si dat erlieft hunn, grad a Panne-ama?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...