4 Joer laang hat ech d’Chance, en häerzensgudden an dichtegen Däitschproff ze hunn, deem seng Mënschlechkeet iwregens déi Zäit – o mei: an de 50er Joeren! – eng ganz rar Saach gewiescht ass, well déi meescht Professeren dunn Disziplin- a Fachegoiste waren. Et war den Här Paul Henkes, e stackstaadter Jong, deen iwregens och e ganz zolitten Dichter war an seng Dokterthes an den 20er Joeren iwwer en Dichtergenie geschriwwen hat, deen déi Zäit nach den allermannste bekannt war: de R.M. Rilke (Duineser Elegien). De ‚Paul‘, wéi mir hien einfach genannt hunn, war begeeschtert vun den Ënnerstaadter Kauzen; hien huet äis ‚der‘ vun deene verzielt, datt him selwer – och nodeem hien déiselwecht Schnok ewell 3mol zumbeschte ginn hat – d’Tréinen d’Baken erofgelaf sinn.

Firwat dann elo dat Geschreifs iwwer dee gudde ‚Paul‘? Mä och no bal 70 Joer ginn ech engem vun sengen Ausdréck net lass: EEGENARTEG; dovu krut hien sech net lassgerappt… an op 1ère war ech esou kéng, hien ze froen, firwat hien domat esou am Däitsche giff trappen; mir giffen dach ni esou soen. „Majo, sot hien, dat do ass nawell… eegenarteg!“ Batschdeg. Wéi ech dann dofir giff soen? Dat war dann och menger Meenung no den Ufank vu menger Wibbelerei fir dat méi Speziellt an de Räichtum vun eiser lëtzebuergescher Sprooch. Eegenarteg? Dat ass dach an eiser Sprooch ‚gelungen‘, oder ‚bosseg‘, oder ‚koppeg‘, oder? Et deet mir just leed, datt deemols ‚egal wat‘ mam Lëtzebuergesche geschitt – oder villméi NET geschitt ass! Just Leit ewéi de Professer Henkes, de Leopold Hoffmann an op d’mannst eng Dosen aner dichteg Däitschproffen hätten eiser Sprooch mat hirem Schreiftalent en zolitte Fong als Schreifsprooch kënnen/misse verschafen; si haten deen néidege ‚Bagage‘ dofir, an och de Respekt, mat deem si op deene richtege Plazen hir ‚Schëppercher‘ hätte kënnen uleeën. Gewëss hate mir mat Leit ewéi dem Marcel Reuland, dem Tit Schroeder, dem Jos Hess, dem Isi Comes, dann dem Robert Bruch an e sëllechen aneren eng ‚Phalanx‘ vun Talenter, déi dem Lëtzebuergeschen de Buedem zerguttst hätte gruewen a lëfte kënnen, fir datt et seng Wuerzele méi staark an déif kënnt maachen… ower et huet hinnen eppes gefehlt, datt net onbedéngt mat ‚Wëssenschaft‘, mä éischter mat  ‚Schoulmeeschterei‘ ze dinn hat/huet. Et huet ganz einfach un eppes gehappert, dat ee ‚‘Soziopädagogik‘ däerf nennen. Dorënner ass d’Sprooch an der ,Breet‘ ze verstoen, net nëmmen am schéine Gedicht oder heiansdo an engem Buch… ganz éierlech: Wéivill liesen der dann e Buch? Vun engem Gedicht emol net ze schwätzen.

Wéinst deenen Iwerleeunge fannt dir eis PRAKTESCH ‚Wullerei‘ zënter 50 Joer bei esou einfache Saache wéi Uertschafts- a Stroossennimm, oder dat ‚Juppe‘ vun eiser Sprooch a Familljen- a Geschäftsannoncen, Plakaten a Veräinssaachen…alles ewéi keng ‚Literatur‘ oder Wëssenschaft, ower praktesch Saachen, déi souzesoe jidderengem an d’Ae ginn, ouni datt hien sech misst speziell fir d’Lëtzebuergescht intresséieren. Op dës Fassong ass et méiglech gewiescht, datt een haut eiser ‚Sproochgrimmelcher‘ fënnt, wou soss kee Mënsch eng Spur vu Lëtzebuergesch fonnt huet. Do huet nun emol d’Kromm an der Heck geleeën! Just op der ‚Schinn‘ geet et eiser Sprooch, zesumme mat deene ‚soziale Medien‘ haut esou gutt wéi ni. Denkt z.B. mol driwwer no, wou een ‚an der Zäit‘ op dësen Ouschter-WE grouss gedréckte Wënsch op Lëtzebuergesch begéint huet. Néierens!