Mir sinn ës gewinnt, datt e sëlleche Leit  einfach net mat enger Schreifweis fir d’Lëtzebuergescht kënnen/wëllen eensginn. Déi Allermeescht hunn se natierlech net ‚an der Schoul geléiert‘…a jidfereen hätt natierlech ‚seng‘ allerbescht. Mä stellt iech emol vir, et hätt wierklech jidfereen seng perséinlech Orthographie fir eis Sprooch… logescherweis giff jo da keen deem aneren seng unhuelen. Da giff och keen deem anere säi Lëtzebuergescht liesen, well dat him souzesoe ‚wéi an de Ae‘ giff dinn.

Ech brauch net nach fir déi x-te Kéier ze widerhuelen, datt deProblem net nei ass. Mir fannen ewell vrun 190 Joer (1829!) beim Tunn Meyer an sengem – an iwerhaapt deem alleréischte – Bichelchen(E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus) op deenen éischt Säiten emol eng Explikatioun vun senger Fassong fir Lëtzebuergesch ze schreiwen…ke Wonner, well jo bis dohinner knapps een, bis op e puer Zeilen an enger Zeitung (1823), eis Sprooch geschriwwen huet.

Just am Meyer senger Zäit (1847) huet jo dann de F.Gangler säin éischt Wierderbuch fir d’Lëtzebuergescht erausginn…an alt erëm d’éischt virdran seng perséinlech Schreifweis zumbeschte ginn. Den Dicks huet et grad esou gemaach; de Rodange huet äis och iwwer seng Orthographie beléiert; de Lentz war net ‚besser‘, an 1906 huet dee fläissegen Zänndokter Weber fir deen éischten, iergendwéi ‚offiziellen‘ Dictionnaire gemengt, hie misst dofir eng ‚nei‘ Schreifweis ënner d’Leit bréngen, an esou virun an esou wieder…bis haut. Déi alleréischt Orthographie, déi et engegermoossen an d’Breet geschafft huet, war dann déi aus deem éischte Schoulbuch vun 1914 (Welter/Engelmann). Well dat Bichelchen – Das Luxemburgische und sein Schrifttum – dann dunn, duerch d’Gesetz vun 1912, eng schoulpädagogesch Roll krut, ass d’Schreifweis draus ganz normal an d’Gewunnechten eragelaf…dat fir 30 Joer! Nom 2.Weltkrich guff dat Däitscht verstännegerweis zimlech an de ‚Biischteschaf‘ gedréckt; domat dann och alles, wat an der Welter-Engelmann-Schreifweis no Houdäitsch ausgesin huet… an deene gréisseren Zeitungen haten se verstan, datt déi Zort ‚Revanche‘ verstännegerweis bei de Leit  op e Stack giff lafen; just eng Zeitung, d‘“Obermosel“/“Unio’n“, huet sech ‚patriotesch‘ op Lëtzebuergesch gewisen. O mei! Wien sech déi Nummeren emol an der Nationalbibliothéik bekuckt, dee kann ower nëmmen de Kapp rëselen; e Lëtzebuergesch wéi beim ‚Billige Jakob‘!

Loosst mer léiwer net zevill iwwer déi Orthographie schreiwen, déi dann 1946 souzesoen ‚offiziell‘ sollt ginn. Déi guff vum Englesch-Professer Feltes geknätzelt…a war an nullkommanäischt e Begrëff fir Lächerlechkeet, vrun allem och, well bei der Arméi op deem Bichelche vun de Resultater am Schéissen dat herrlecht Wuert SHÉISSBUGH gestan huet..dir kënnt iech denken, wéi dat da vernannt ginn ass. ‚Passong‘, giff dem Dicks säi Sprochmates soen.

Fir déi éischt Bliedercher (fascicules) vum neien offizielle ‚Wörterbuch‘ huet dann dunn de Professer Dr.Dr. phil. Robert Bruch, e ganz verstännegen an apaart dichtege Mann, sech zerguttst hannert d’Saach geknéit, sech op d’Welter/Engelmann-Orthograhie gestäipt, an eng Schreiweis mat e puer Ënnerscheeder zesummegestallt, déi nach haut 90% vun deer Orthographie ausmécht, iwwer déi mir elo am CPLL, dem ‚Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise‘ d’Kräiz gemaach hunn…bis dajee alt!

E sympathesche Stëppeler huet mech dann elo mat e puer kauzegen Argumenter iwwer d’Schreiwe vum Pluriel bei franséische Wierder am Lëtzebuergeschen ‚erwëscht‘. Hien hat sech mat deer, fir hien ‚onméiglescher‘ lëtzebuergescher ‚Endung/désinence‘ ‚ën‘; gewëss eng Saach, un déi een sech gewinne muss…ower wéi ass et dann an deer ‚dommster Schreifweis‘ dixit George Bernard Shaw! Déi et gëtt, wou e muss ‚k-n-o-w-l- e-d-g-e‘ schreiwen an ‚nolitsch‘ liesen. De Kolleg ass…Engleschprof. Domat wier, bal, alles gesot,gelldir.