Dësen Text war, no enger Commande vun der UGDA, als mäin Deel vun enger 'Trilogie', zesumme mat menge Schreifkollege Lex Jacoby a Pol Pütz entstan. De Grand-Duc Jean sollt deemools grouss mat enger Parad vun deer Federatioun an der Neier Avenue gefeiert ginn. Dunn ass dat terribelt Accident vun sengem Jong Guillaume a senger Fra dotëscht komm; dat Ganzt huet mussen annuléiert ginn. Meng Partie Text huet sech ëm d'Period 1921-1939 gedréint; dofir ass de Fong natierlech historesch. Dem Grand-Duc hunn ech se vru siwe Joer bei enger Privataudienz zu Fëschbech gelies ... hien hat Tréinen an den Aen.

KINNEKSKANNER

No dem Enn vum éischte Weltkrich
huet eist Vollek klor entscheet,
datt dem Land seng Kroun soll bleiwen,
an och d'Haus fir dat si steet.

Deemools bei dem Referendum
haten d'Wieler d'gutt Gespier,
wat fir d'Heemecht an eis Fräiheet,
fir eist Wuel am beschte wier.

Eng jonk Fra huet all eis Suergen,
d'Léift fir d'Land mat äis gedeelt ;
't ware Joere voll Problemer,
't huet u villem nach gefeelt...

D'Lëtzebuerger hate séier
d'Grande-Duchesse an d'Häerz geholl ;
si hat just déi grouss Talenter,
déi ee brauch an hirer Roll.

D'Heemechtsliewe mat äis deelen,
wat och kéim, hat si versprach;
wat du' komm ass – 't war sou munches! –
si huet ni deen Eed gebrach !

't war an deene Féiwerzäiten
hei an och rondrëm net liicht ;
d'Grande-Duchesse ass de Garant gi
fir all Form vu Gläichgewiicht.

Grad wéi an dem Lidd den Dichter
vun « Zwee Kinnekskanner » sot,
guff et tëscht de gëlle Liljen
an dem Roude Léiw e Stot .

Zwee grouss Haiser – héich am Gotha
haten si Geschicht gemaach –
hunn a Léift an Trei sech d'Wuert ginn
ënnert eisem Heeméchtsdaach.

Wéi dat dann dee schéine Brauch ass,
datt d'jonk Léift u Kanner denkt,
ass eis Grande-Duchesse och Mamm ginn:
si huet äis e Prënz geschenkt !

D'Land an d'Leit hu mat den Elteren
sech um klenge Jong gefreet.
D'Kroun war mat him ofgeséchert
fir all Zäit vu Gléck a Leed.

D'Kroun-Famill huet sech vergréissert
mat sechs Kanner - gutt gehitt ! -;
véier Schwëstren an e Brudder
huet den Ierfprënz Jean nach kritt.

Wien sech wollt e Modell huelen,
hat si gär als Referenz ;
all Respekt war hinne sécher,
hei am Land wéi iwwer d'Grenz.

Eisen Ierfprënz huet seng Léier
duerch all Schoul am Flock gemaach,
krut eis Sympathie an d'Éier ;
d' Vollek duecht : Dee mécht seng Saach !

Enn den drëss'ger Joren huet et
aus dem Oste schlëmm gedreet;
't kumm bei eise Fräiheetshoufert
d'Angscht vrum frieme Joch a Leed.

D'Land huet fir eng Fräiheetsfeier
nieft der Dynastie gestan;
d'Onofhängegkeet war d'Ursaach,
mä de Fong : 't war äis all baang !

Just deemools - 't war néngandrësseg -
krut de Krounprënz uechzéng Joer,
an d'vollt Recht, den Throun ze ierwen,
matzen an der Krichsgefor.

D'Grande-Duchesse an hiren Ierwe
gufe fir eist Land Symbol ;
do, wou d'Heemecht si gebraucht huet,
stonge si op Hol a Mol !