AUDIO: Flunkernews 17/19 vum Serge Olmo

Futsal Championnat: D’FLF huet decidéiert datt d’Futsal Championnat fir dëst Saison gestoppt gëtt well et nees Kläppereien op engem Match gouf. Och wann d’Fussballfederatioun sech freet ob si de Futsal behale soll, huet dëse bestëmmt eng grouss Zukunft bei der Kampfsportfederatioun FLAM.

Neiwalen zu Istanbul: All Demokrat rëselt de Kapp datt nei gewielt gëtt well dem Erdogan säi Kandidat net gewonnen huet. Soll een nieft Neiwalen zu Istanbul net och proposéieren datt di Stad soll Erdoganbul ëmgedeeft ginn?

Elektresch Trottinetten: A Frankräich ginn dës elo op den Trottoiren verbueden. Ech verstinn dat net. Ass dat da net gutt elektresch Trottinetten ze benotzen, soll ee vläicht op Dieseltrottinetten ëmklammen?

Walplakater: Dës goufen ganz séier vun engem Dag op deen aneren haaptsächlech op de Luuchtepottoen vun eise Stroosse fixéiert. Et muss een am Fong och net esou oppassen wéi se opgehaangen ginn ausser natierlech an engem Sens Unique.

Kommissiounspresident an Tick: Et gouf di lescht Deeg vill thematiséiert datt de Jean-Claude Juncker, dacks de Leit déi hien gutt leide kann, mat de Fangeren duerch d’Hoer fiert. Bei russeschen Homologen gouf dat nach net gesinn. Beim Putin oder fréier beim Gorbatchev war et net méiglech wéinst der Union Chauve-iétique.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...