Dee Saz gesäit jo net no eppes Extraem aus…mä da gebraucht en emol zu Frankfurt ; do kritt kee mat, wat dir wëllt soen, well do heescht dat ongeféier „krieg dich jetzt mal ein“. Wann ee sech emol roueg dohinner giff setzen an deer Sätz/Ausdréck systematesch  notéieren, da geng een net fäerdeg ginn, sech ze wonneren, wéi ‚räich‘ dat klengt Lëtzebuergesch dach ower op d’mannst plazeweis ass. Leider schéngt dat deenen allermeeschten zimlech egal ze sinn. Si soe léiwer, eis Sprooch wier dach nëmmen en däitschen Dialekt, an domat ass d’Saach da ‚gebongt‘.

D’Lëtzebuergescht ass ower net einfach en ‚däitschen Dialekt‘; et ass, grad ewéi dat Dänescht oder Nidderlännescht e germaneschen Idiom ënnert deene sëllechen ‚indo-europäesche‘ Sproochen, wouvun déi eng méi oder manner no beim Houdäitsche leien. Wann et am 19.Joerhonnert vun en etleche Leit geheescht huet, eis Sprooch wier ‚Däitsch‘, dann ass dat dowéinst, datt d’Sproochwëssenschaft nach net sou genee op deem Niveau war, wéi mir en haut kennen.

Wat haalt dir da vu Sätzercher wéi déi hei: Hal se zou, soss kriss d’eng geklaakt – Maach dech dach net esou topeg – Gëff mir mäi Bengel erëm – Ech war esou rosen, datt ech mech net gepackt hunn – Deen huet sech net mat Jäize ginn – Hien huet vu géiem Honger gegaapst – D’Lill hat sech ferm erausgeviizt/noneegemach – De Jang hat eng grujelech am Kanelli – D’Kett hat sech an de Mil verkuckt -  Ech wëll dees do näischt méi – Kuck elo, dass du verkënns – Ech hal‘ wuel jo – D’Jul ass e verklaaptent Bëtschel – De Pier hat sech déck mam Ern – Tommel dech, fir dass du matzäit kënns – Elo rapp dech emol um Bidon – Deen ass esou knéckeg wéi säi Bop – D’Lis ass eng wéischt Zatz – Hänk mir elo keng op – Hien huet geronkt bis de Wecker gerabbelt huet – D’Josette ass eng vermengte Geess – Sief dach net esou kriddeleg – Dee kuckt dra wéi siwen Dëppe Reen -  Maach méi lues, a fläiss dech net.

Gell, do wonnert dir iech dach plazeweis. Et kënnt engem vir, wéi wann et jo dees Däitsche wier, héchstens ‚schlecht Däitsch‘, wat en zimlech eefällegen Ausdrock ass.. Mä da probéiert emol, fir déi Sätzercher op zerguttst Däitsch ze iwwersetzen; frot  en däitschsproochege Bekannten zu Berlin, ob hien dat Lëtzebuergescht do versteet. Dir wäert iech wonneren, nixdegibbi! Probéiert vläicht och emol, fir dat Ganzt op Franséisch ze iwwersetzen; dat kann nach méi Krämpes ginn…ower mir sinn dach bal all esou féx an der Sprooch vun Nanzeg. Majo, dajee alt. Et ass hei mat eiser Sprooch wéi am Sproch: Wann een en Hond net ka brauchen, da gëtt gesot, hien hätt ‚de Grant‘; dat ass ower net éierlech. Dann ass engem z.B. egal, datt mir de ‚Prefix ZRÉCK‘ quasi inflationär gebrauchen, ouni drun ze denken, datt et sech hei ëm eppes handelt, wou d’Lëtzebuergescht sech ganz kloer vum Däitschen ënnerscheet. Mir gi kengem eppes ‚zréck‘, kommen net zréck, ruffen net ‚zréck‘, fueren net zréck‘, äntweren net ‚zréck‘, mä ‚erëm/hannescht…net wichteg? Da maacht emol deer Knätzelen am Däitschen oder Franséischen…da gitt dir ferm ‚erëmgehol‘…also net ‚zréckgehol‘. Grinz.