De Lex Roth proposéiert e Spill, bei deem et drëm geet, Wierder an Ausdréck ze proposéieren, déi et esou just am Lëtzebuergesche gëtt.

Hei kritt dir elo en etlech Beispiller, wéi esou e ‘Spill’ ausgesi kënnt, mat deem jiddereen eiser Sprooch ganz perséinlech hëllefe kann. Mir wësse jo, datt et am Lëtzebuergesche Wierder an Ausdrocksweise gëtt, déi einfach EENZEGARTEG fir eis Sprooch sinn; dat heescht anescht ausgedréckt: Et ass keng eeriicht/poulriicht Iwwersetzung an eng aner Sprooch méiglech; anescht gesot: si verschwanne komplett, wann een deeselwechte Gedanken an enger anerer Sprooch wëllt ausdrécken. Am Engleschen heescht et do ‚Lost in translation‘; dat ‚translation‘ kënnt iwregens vum laténgesche Verb ‚transferre‘=eriwwer setzen/bréngen, deem säi ‚participe passé‘ nun emol ‚translatus‘ heescht, an aus dem Franséische kenne mir jo ‚transférer‘. Uff!

Dat muss een ower net alles esou wëssen, fir bei dësem klenge Sproochspill matzemaachen; et soll ee just no ‚eiser‘ Wierder/Ausdréck sichen, an domat verstänneg Sätz maachen, déi z.B. zu Frankfurt/ Leipzig/Amsterdam oder soss enzwousch kee méi ‚matkritt‘,deemno an deer germanescher Sproochfamill: scho guer net an deer sougenannter ‚Romania‘.  Hei en etlech Beispiller:

Dee Krappert huet eng gestiicht. – Bass du erëm queesch? – Allez Bob, gëff ëm ës! – de Jang hippt schlamm. – D’Claudine ass eng flott Moss. – De Mil hat sech mam Jos. – Maach mir en Zapp-Ee. – Rësel eng Pouz Salz op d’Poretten. – Fläiss dech méi lues! – Knätsch net beim Maufelen! – Schlupp net esou laddereg do. – Hal dech net an engem Stéck drun. – Ech verhalen nammel näischt. – D’Spackelter sinn zeideg. – Maach Bratzelen op d’Gromperen. – Lee dem Jong eppes bäi. – D’Claudine huet Speechelen/Méckeschëss am Gesiicht. – Dréck Pautschen an Ää(t)ssen  net op. – Ech hunn de Knéi am A…  - Hal op mat Räpsen a Faschten. – Rapp d’Stréckelen net futti. – Gaaps net esou, dat stécht un. – Dat geet nawell géi bis dorobber. – Besser eng Knippchen am Mond wéi eng Knupp op der Bëls…

Keng Angscht, et sinn deer ‚Saachen‘ nach kéipweis ze fannen, wou mir äis einfach net bewosst sinn, datt se wierklech total oder héichprozentescht Lëtzebuergesch sinn, oder ganzeg wäit vu fränkesche Kosengen a ‚wäitleefeger‘  Famill. Dir fannt der bestëmmt net all Dag, mä wann dir den ‚Zock‘ bis huet, da falen iech der mat den Dosende bäi!

Wéi soll dat dann elo mat deer Concourerei lafen? Éischtens huet dir emol Zäit bis de 5.Oktober; da maache mir e Stréch ënnert dee ‚Mätch‘; dir gitt äis 1 Mount, fir alles duerchzeschaffen, wat erakomm ass. Dir schéckt äis (actioun@letzebuergesch.lu) ärt Gesammeltes mam Stéchwuert ‚Concours‘ + ärer normaler an ärer Mailadress eran. Et gëtt gezielt, wien déi meescht richteg huet. Als Präiss proposéiere mir Stéiss  Bicher iwwer wéi an eiser Sprooch, deelweis esouguer total vergraff; de Wert vun de Bicherkéip läit bei 500/400/300/200/100 €uro. Mir feieren d’Resultat an eisem Veräinssall mat de Gewënner zesummen. Déi flottst a bescht Sätz gi mam Numm vum ‚Concourrent‘ publiztéiert.

Mir sinn äis kloer bewosst, datt dës ‚Method‘ net apaart wëssenschaftlech ass, mä si ass praktesch a mécht och nach Spass. Vru méi ewéi 40 Joer war esou eng Saach um ‚Hei Elei‘ gestart ginn, fir erauszefannen ob a wéivill nei lëtzebuergesch Wierder eis Sprooch no 1920 gemaach hätt…et war deemools vu ‚Wëssenschtsleit‘ behaapt ginn, nom Gromperekiewerlek an dem Fixfeier hätt eis Sprooch ni méi en neit Wuert gemaach…da mengt alt: mir haten Honnerte vu Kaarte mat ‚jonken‘ Ausdréck erakritt an hunn Dosenden an Dosenden  ‚frësch‘ Ausdréck fonnt. Et huet esouguer e jonke Lëtzebuerger seng ‚Maîtrise‘ um Fong vun eisem Concours-Resultat am Frankräich  gemaach. Mol kucken, ob sech herno mat eiser ‚Saach‘ eppes an der ‚Luxemburgensia‘ mécht…natierlech ‚wëssenschaftlech‘.