Giro d’Italia ganz international: Iwwer 30 Nationalitéiten gi bei den Coureuren vum Giro gezielt an trotzdeem versti sech d’Cyclisten ënnereneen. Dat ass bestëmmt de Fall, well si ëmmer di richteg «Iwwersetzung» fannen…

Becca och beim 1FC Kaiserslautern: Elo huet den Lëtzebuerger Entrepreneur 4 Ekippen ënnert senge Fittichen an zwar den F91 Diddeleng, de Swift Hesper, Virton an elo jo den 1 FCK. Kinnt ee net vläicht e Becca-Championnat organiséieren?

Klauen a Vandalismus: Bei eis ginn et konkret Problemer, well vill Autoe verbrennen an och neierdéngs ganz vill Vëloe geklaut ginn. Et ginn esouguer verschidden Onglécklecher, déi nodeems hiren Autoen verbrannt gouf, sech e Vëlo kaf hunn an deen elo geklaut kruten.

9. Mee: Dëse Europadag erënnert jo un di wichteg Ried vum franséischen Ausseminister Robert Schumann a war jo déi éischte Kéier e Feierdag bei eis. Enorm vill Leit hunn d’Bréck gemaach. Vill Leit froe sech ob de Schumann net vläicht op iergend engem Donneschdeg eng aner wichteg Ried gehalen huet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...