Vläicht huet dir dëser Deeg deen hei Artikelchen ewell an enger Zeitung gelies.

Ech geng ower mengen, e wier och gutt hei an eiser klenger Sproochkëscht placéiert… an esouguer nach mat e puer Knätzelcher dobäi.

Natierlech ass ‘eise’ STATEC eng wichteg Administratioun; ech hunn den néidege Respekt fir seng dichteg Beamten. Si soen äis jo z.B. zimlech exakt, wou mir mam private Portmonni a mam Staatsgeldsak dru sinn, an net ‚blannemännerches‘ dorëmmer brauchen ze lafen. Ekonomesch-rechneresch maachen si eng gutt a wichteg Aarbecht.

Wann et ower ëm déi faarweg ‚Prozentmargréitche‘ (Graphik) vum Sproochgebrauch hei am Land geet, kënnt ech mir virstellen, datt d’Saach manner ‚dréiw‘ geng hantéiert ginn. Do gi 6000 Meenungen(?) net duer… et misst och kloer gesot ginn, wien déi ‚Mengerten‘, déi sougenannt ‚sondéiert‘ Leit sinn (Alter, Geschlecht, Nationalitéit, Bildung, Schaff…). Et gëtt z.B. aus deer leschter Sprooch-Ëmfro net däitlech, ob do nëmme Leit gefrot gi sinn, déi hei wunnen (Résidents) oder och déi Hellewull vu Mënschen, déi all Dag/Woch (frontaliers)hier an d’Land schaffe kommen… oder sinn déi eng bei deer Ëmfro mat deenen aneren (Autochtonen) gemëscht…dat giff dann e verdruddelt Bild, dat statistesch net sënnerlech ferm op de Been steng.

Vrun enger Zäitchen hat emol e bekannte Soziolog eng ‚Kuebereichen‘ an d’Press gesat, no deer d’Franséischt bei wäitem déi meescht geschwate Sprooch hei am Land wier. Hien huet d’Frontalieren einfach mat Stack-Lëtzebuerger, deer neier ‚bäigepraffter‘ an alle Grenzgänger duercherneegehäit, fir op dat zimlech Jaddermunnesse-Resultat zekommen. Mir haten him du geäntwert, datt dee Sprooch-Babel héchstens vu méindes bis freides vun 8.00 bis 18.00 Auer  kënnt gëllen, deemno 40 vun 168 Stonnen… an – hei elei! – de gudde Mann huet sech ‚erkritt‘ a päift zënterhier en anert Lidd! Et ass jo ni ze spéit, fir d’Kéier ze huelen, gelldir. Sympathesch wier et, wann de STATEC sech an deer Sproochen-Ëmfro bei den absolutten an de relativen Zuelen d’Saach och vläicht giff anescht iwwerrleeën.

Iwregens misst een dann emol eng Ëmfro als ‚Probéierche‘ kënne maachen: Wien dann z.B. ewell probéiert huet, engem friemsproochege Mënsch e Saz oder och nëmmen e puer Wierder Lëtzebuergesach bäizebréngen, aplaz direkt mat him seng Sprooch méi oder wéineger korrekt ze babbelen. Hei kënnt ee bal soen, datt mir äis deenen aneren hir Sprooche LEIDER leeschte kënnen.  Denkt emol un d’Zäit an d’Ëmstänn, déi Dausende vu lëtzebuergesche Jongen a Meedercher an d’Frankräich op eng Schaff geschéckt hunn: Vill konnten der kee Paff Franséisch verstoen a scho guer net schwätzen. Gelungenerweis sinn déi allermeescht erëmkomm… an hu ganz passabelt Franséisch parléiert! Denkt emol no, firwat dat esou war an och haut nach plazeweis esou ass.

Et wier dann och net onintressant, emol erauszefannen, wéi et sech sproochlech an deene Stéit huet, wou e Lëtzebuerger mat engem Auslänner ze dinn huet; do ‚passe‘ mir äis d‘meescht un… an dat ass fir de Sproochfall souzesoe Gëft; komme Kanner, déi da spéitstens am Schoulalter hirt Lëtzebuergesch matkréien… dann entsti Sproochspannungen, déi dacks net ëmmer ‚afeg‘ sinn! Grad esou huet et sech, wann an enger Gesellschaft vun enger Dose Lëtzebuerger och nëmmen een Eenzege sëtzt, dee kee Lëtzebuergesch versteet… da fänke mir d’meescht un, deem seng Sprooch ze schwätzen aplaz eis; ok: wann et méi laang dauert, da sinn déi meescht hires Franséisch midd a schwätzen no an no nëmme méi Lëtzebuergesch; de ‚Francophon‘ kuckt Lächer an d’Luucht. Ower stellt iech dat emol an Däitschland vir.

Dir verstit, datt sech aus deen Gedankenelementer eng vill méi ‚differenzéiert‘ Ëmfro giff opbaue loossen. Dat anert ass ze ‚fuddeleg‘… a ‚fuddeleg‘ heescht nun emol DËNN. Mat ‚fuddelen‘ huet et näischt ze dinn!