Klimastreik: Vill jonker hätte wëllen um Freideg mat streike goen mä de Premièresexamenstress huet si dovunner ofgehalen. Et ass net fair datt et wuel Bréifwale gëtt awer kee Bréifstreik fir déi jonk Primaner…

Marder a Stroumpann: D’lescht war an der Stad eng gréisser Stroumpann. Dës gouf anscheinend vun engem Marder verursaacht. Et ass een sech e wéineg wéi am Venezuela virkomm. Wann et hei e Marder war dann ass et dohannen wahrscheinlech de Mar-duro.

Kris an Éisträich: Dës ass ugaangen mat der Demissioun vum Vizekanzler Heinz Christian Strache an dëst wéinst Kontakter mat enger ganz räicher Persoun aus dem Osten wahrscheinlech eng Russin. Et ass kee Wonner datt et ëm Ost-räicher geet.

Visitt vum Raoni Metuktire: De bekannten Häuptling aus dem Amazonas war jo bei eis op Visitt fir drop opmierksam ze maachen dat enorm Fäschen vu Bëscher ofgehozt ginn. Ech hu mech gefrot ob de Jean-Claude Hollerich bei der Visitt present war. Dat wier dach ubruecht gewiescht eisen Äerz-Bësch-of z’invitéieren.

Walen: Vill Leit stresse sech fir e Sonndeg nach kënne wielen ze goen. Si gi vu Fluchhafen zu Fluchhafen wou si hire Pass ofginn an da mussen si duerch d’Kontroll goen an d’Schong ausdoen, de Laptop aus der Housse huelen... Et wier net verwonnerlech datt wann di Persoun mat Zäit ukënnt am Walbüro an sech ausweist, vläicht wäert ufänke hire Rimm lass ze maachen, d’Schong auszedoen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...