Dësen Artikel fannt dir och an der geschriwwener Press (‘KLACK’).

De Grand-Duc Jean war op all Manéier deer ‚Ganzer‘ een; hien huet heiheem net, an och soss néierens ‚an d’Flilleke geklappt‘; seng Perséinlechkeet a säi Stil waren einfach natierlech, déi hunn him all Respekt verschaaft; säi Fils Henri steet genee an deer selwechter Rei; eng Chance!

Iwwer d’Begriefnesfeier fir dee ‚gudde Jang‘ kann een nëmme soen: Déi war grandios an hirer Einfachheet; näischt zevill an ower genuch; wéi am Lidd: kleng mä reng! Et kënnt een net dolaanscht, alleguer deenen ze felicitéieren, déi dësen Zeremoniell esou fein an ouni Iwwerdriwwenes geplangt, coordinéiert an iwwer d’Ronn bruecht hunn; dat sollen sech emol alleguer déi iwwerleeën, déi ëmmer alles esou ‚selbstverständlech‘ fannen. Et war fir eis kleng Heemecht – no banne wéi no baussen – e Ganzt, dat net méi sympathesch hätt kënne sinn: Just feierlech genuch, näischt zevill!

Et däerf een sech emol virstellen, wat dat heescht, datt 120 Länner bei dësem Begriefnes op héchstem an héigem Niveau vertruede waren. Da kann een sech esou ‚niewelaanscht‘ iwwerleeën, wéi gutt/wichteg et war, datt den Här Erzbëschof net gezéckt huet, an sengen excellente Wierder, nieft dem Franséischen, Engleschen an Däitschen och eis Sprooch zu Wuert kommen ze loossen. Just well knapps ee vun den Éieregäscht dat Lëtzebuergescht ‚matkritt‘ huet, guff et garantéiert an hire Gespréicher wéi och a Pressorgane kommentéiert. Si krute mat, datt d’Lëtzebuergescht net einfach als Dialekt, mä als ‚nationalen Idiom vum souveräne Staat Lëtzebuerg‘ ze kucken ass. Méi wéi ee guff erstaunt niewelaanscht gewuer, datt déi Sprooch esouguer eis gesetzlech Nationalsprooch ass!

Hei kënnt een ower och net dolaanscht, op eppes ze weisen, dat als eemoleg ze kucken ass: deen häerzlech waarme Bréif, deen eise Grand-Duc Henri sengem gudde Papp an der Press publizéiert huet! Et ass fir d’alleréischt – bestëmmt net fir d’lescht – datt de Chef vun eiser konstitutioneller Monarchie äis esou e mënschlech-gefillsvolle Message souzesoen als ‚Lieserbréif‘ geschenkt huet. Dat ënnersträicht de Wert, deen ‚den Haff‘ dem Lëtzebuergesche gëtt. Merci, Monseigneur, Dir weist domat ville Leit de ganz natierleche Wee fir bei eis Sprooch. Wien eng Grëtz vu Psychologie a Pädagogik drop huet, versteet, wéi wichteg Är Wiel fir déi Sprooch ass, déi en Haaptstéck vun eisem ‚Gesiicht‘ bleift.