AUDIO: Flunkernews 20/19 vum Serge Olmo

Nuetsmarathon a Kenianesch Victoire: Dëst Joer haten di Kenianesch an aner afrikanesch Leefer richteg Chance datt eis bescht Athleten dee leschte Week-end nach am Montenegro waren op de Spiller vun de klenge Länner.
JPEE am Montenegro: Obwuel et gutt organiséiert war, ware ganz wéineg Spectateuren d’Kompetitiounen kucken. Anscheinend woussten di meescht Montenegriner net datt di Spiller vun de klenge Länner do organiséiert goufen. Verschiddener woussten emol net datt si e klengt Land wieren.

Summer- a Wanterzäit: Ab wéini gëtt dat ofgeschaf? Gëtt elo de 27. Oktober fir d’lescht op d’Wanterzäit ëmgestallt an et gewënnt een dann eng Stonn? Dës Decisioun ass grad um 6. Juni vun der EU undiskutéiert sinn. De 6. Juni ass jo bekanntlech „le jour le plus long…“

Panneauen no de Walen: Et ware Walen wou jo d’Natur an d’Recycléieren am Mëttelpunkt stoungen. Ech sinn elo gewuer ginn datt fir dës ökologesch Walen verschidde Panneauen biodegradabel wieren. Dofir wäerte verschidde Parteien hir Panneauen nach net ewech geholl hunn…

Limitéiert Vitess als Testphas: Op der Areler A6 an der Tréierer A1 gëtt d’Vitess limitéiert. D’Spëtzenzäiten op deenen 28 Kilometer sinn tëscht 6.15 an 9.15. Ech hu mat ville Leefer geschwat. Tëscht 6.15 an 9.15 fir 28 km zréckzeleeën ass zwar absolut keng Spëtzenzäit.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...