Am Fong war ech keen apaarte Fan vun deene flotte Billerbicher. Vrun allem, well ech mir se ganz einfach a menger Jugendzäit net leeschte konnt.

Ech hu mir der ower bei anere geléint, an esouguer eng gutt Partie vu mengem Franséisch aus dem TINTIN gefëscht. Wat mech herno gekëddelt huet, war besonnesch d’Iwwersetzung…an deer hunn ech mir jo wierklech genuch ‚geleescht‘.

Dobäi koum eng ganz kloer Iwwerleeung: Eng Sprooch léiert een net nëmme mat Grammaire, Gedichter a soss geschlaffenen Texter, just mat Spaass an deem, wate e ‚Motivatioun‘ nennt. De Witz, d’Hannerlëschtegkeet, d‘Sproochspillereien an déi liicht ‚fladdereg‘ Sprooch aus dem Tintin an dem Asterix bleiwe mat hirer Fassong iergendwéi am ‚Täti‘ hänken…natierlech och am Lëtzebuergeschen. Also sinn si eng flott Hëllef fir eis Sprooch. Bingo!

Méi déif (pädagogesch) nogeduecht ass dobäi ower nach eppes weider:  Wann et sech drëm dréint, eiser Sprooch och mat Schrëftlechem ‚Aspekt‘ ënnert d’Äerm ze gräifen, da kann do déi sougenannt ‚Bande Dessinée‘ eng ganz geleeë Roll spillen. Dat war also mäin Uleies vun Ufank un…zënter déck 50 Joer hier. Nëmmen dat geschriwwent Lëtzebuergesch konnt eiser Sprooch zu deem Stand hëllefen, deen si haut huet, och wann dat net méi grad esou bewosst ass…ower net nëmme mat Bicher a kulturell wertvollen Texter. Net ëmsoss huet mir dat Geschriwwent ‚fir d’Aen‘ deemno zënter 1970 um Häerz geleeën: apaart  bei Annoncen, Reklammen, Stroossen- an Uertschaftsnimm, klenge Billertexter asw., nom genee ëmgedréinte Spréchelchen ‚aus dem Auge aus deem Sinn‘, deemno ‚in das Auge in den Sinn‘ . Kuckt an Zeitunge vu viru 50 Joer (Nationalbibliothéik) , a vergläicht mat der Press vun haut, da gesitt dir, datt dat net esou falsch konnt gewiescht sinn. Dat ass ower net w-ë-s-s-e-n-s-c-h-a-f-t-l-e-c-h. Jo, an?

Et ass bei dëse klengen Iwwerleeungen net vu Muttwëll gewiescht, datt äre Schreiwer dem CZUGA/LEINER-Duo och bewosst en etlech Blimmercher fir hir Leeschtung an eiser Sprooch gestreet huet. Ech sinn esouguer eng Grimmel houfreg, datt meng BD-Iwwersetzungen dobäi e bëssen dat gespillt hunn, wat ee bei der Juegd ‚Unzéckert‘ nennt, fir dee Mupp, dee virun deenen anere jauft.

Haut huet d’Saach vun/mat eiser Sprooch nach eppes bäikritt, dat hir eng definitiv  Chance op d’Weiderbestoe schenkt. Egal wat ee vun de sougenannte ‚Sozialmedien (SMS; Twitter asw.)‘ hält: fir d’Lëtzebuergescht war, ass a bleift dat eng ‚Bommegeschicht‘. 90% vun all deem, wat do kommunizéiert, kritiséiert, gemengt a gemault gëtt…et ass Lëtzebuergesch! Mir schwätzen hei net vun der baussegter oder banneschter  Qualitéit, déi ass am Frankräich oder soss enzwou net derdäiwel besser. Eis Sprooch dreift domat ower ëmmer méi a kräfteg-déif Wuerzelen. Dat gëllt natierlech och fir Internet-Organe wéi hei eisem RTL.LU an elo och ëmmer méi fir aner Initiativen…vrun zwou Dose Joeren, mäi Gott: I had a dream!

Wien sech eng wonnerbar ‚Schnauf‘ iwwer eisen ‚nationale‘ Superjhemp‘, dee sympathesche Kachkéisklunnes wëllt huelen, deen däerf déi Expo net verpassen, déi de Claude D. Conter mat senger brillanter Equipe vum Centre national de littérature  zu Miersch an der ‚Maison Servais opgebaut huet; si ass bis den November op. Déi soll een net verpassen!