AUDIO: Flunkernews 21/19 vum Serge Olmo

Nei Radaren um Findel: Déi sinn zwar effikass an net nëmmen am Fluchverkéier. Di al waren zimlech gefëmmt. Di nei ware knapp installéiert a schonn hu se 462.000 geschmuggelt Zigaretten um Findel fonnt.

Gënzefest zu Wolz: Di 71. Editioun erënnert eis un de Futsal an un eng rise Kläpperei am Januar tëscht de Veräiner an de sougenannte Supporter vu Wëlwerwolz an eben dem Wolz 71. Gottseidank goufen et awer elo um Päischtméindeg keng Hooly-gënz.

Frae-WM: Leider kennt een d’Nimm vun de Spillerinnen net esou gutt wéi déi vun hire männleche Kollegen. Et ass jo bestëmmt net well een se manner op der Tëlëe gesäit mä well dacks hir Wutzen den Numm um Trikot verstoppen.

Brexit vläicht eng Iwwerraschung: D’Britten wäerte geschwënn d’EU verloossen besonnesch wann de Boris Johnson Premier gëtt. Et gëtt elo schonn driwwer geschwat, datt no der Kris tëscht Hong Kong a China, d’Britte nees Hong Kong am Viséier hunn…

Prëssessiounenzäit: No der Fatima Prëssessioun vu Wolz, war jo elo kuerz d’Sprangprëssessioun zu Iechternach. Et gouf och dës Woch eng net reliéis Pressessioun um Buergermeeschterdag zu Munneref. Do gouf ënnert der Direktioun vum President Eicher vum Syvicol iwwer all méiglech Themen philosophéiert a vläicht och e bëssen gesponnen. Waren dat Eicherprozessionsspinner?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...