AUDIO: Flunkernews 22/19

Biissen an de Ris Google: Wann di Leidelenger am Kontext Bezierk an engem Referendum gestëmmt hunn datt si dem Zenter wëllen ugehéieren, sollen dann di Biissener net an engem Referendum ausdrécke kënnen datt si dem Data-Zenter wëllen ugehéieren?

Perquisitioun ouni Resultat: Zu Diddeleng war dës Woch eng Sich no Waffen a Munitioun mä ouni Resultat. Et gëtt gesot datt geschwënn eng Perquisitioun op der Plëss an der Stad wäert organiséiert ginn. Vläicht fanne si do Waffen well et jo d’Place d’Armes ass…

Freedefeier: Besonnesch d’Amerikaner si nom Ofschéissen vun hirer Dron am Iran traumatiséiert. Si wëllen keng Freedefeier méi toleréieren ënner anerem iwwert hiren Ambassaden. Fir den Trump a Co. kinnt leider e Freedefeier sinn wann Dronen vu verschiddene Faarwen an der Luucht explodéieren.

FLF versus Ukrain: 2 Mol kruten d’Ukrainer Recht am Fall Junior Moraes deen keng 5 Joer ouni Ënnerbriechung an der Ukrain gewunnt hätt an deemno di Ukrainesch Nationalitéit net hätt dierfe kréien. De Mandat vum ex President Porochenko hätt sollen 5 Joer daueren mä no 4 Joer an 11 Méint war et eriwwer. D’Ukrainer huelen dat definitiv net esou genee mat deene 5 Joer.

Nees Autoen verbrannt: Et ass mëttlerweil e groussen Thema am ganze Land an d’Natioun fänkt un e Problem mat deene Bränn ze hunn. Et ass dee Genre Nation-Branding op deen ee verzichte wéilt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...