AUDIO: Flunkernews 24/19 vum Serge Olmo

Rackete vs Salvini: Alt nees huet sech den italieneschen Inneminister dekredibiliséiert. Hien ass definitiv net frou mat de Migranten a mat deenen déi hinnen hëllefen. Rackéit heescht «Razzo» op Italienesch. Vü datt hien esou fixéiert war op di Däitsch Kapitänin vum Sea Watch, kann ee sech froen ob de Salvini net «Razzo-ist» ass…

Renconter Trump-Kim: Di nächst Deeg ginn et 50 Joer datt mat der Missioun Appolo 11 mam Neil Amstrong fir d’éischt e Mann um Mount getrëppelt ass. Dës Woch hat een d’Gefill wéi wann dem Trump seng puer Schrëtt a Nordkorea nach méi Impakt hätten. Komm mir iwwerdreiwe net. Den Amerikanesche President war och net grad beim Kim Jong Moon.

Nei Dirigentin fir Europa: Leider goufen et heiansdo deplacéiert Remarken zum aktuellen President vun der Kommissioun senger soi-disant Problematik mam Drénken. Ass dat opportun eng Nofolgerin vir ze gesinn wat von der Leyen Ur-soûl-a heescht?

Transferten am Summer: Di nächst Woch spillt den F91 an der Coupe d’Europe géint eng Ekipp aus Malta. Mat der Kollaboratioun tëscht Diddeleng, Virton an Hesper ass di ganz Ekipp vum F91 total duerchgemëscht ginn. Di Diddelenger Supporter wäerten den Dënschdeg di Diddelenger Spiller ongeféier esou gutt erëmkennen wéi di Maltesesch.

Klappjuegd am Parlament an um Terrain: Am Südweste vum Land war 2 Deeg laang di riseg Juegd mat minimalem Resultat. D’Wëllschwäin sinn intelligent Déieren déi onberechenbar sinn. Am Parlament gouf, och no dem moren Resultat gemengt, et wier besser professionel Jeeër géife sech drëms këmmeren. Esou wéi tëscht Péiteng a Sterpenech geschoss gouf, hätt een dës Woch vläicht och professionel Schwäi gebraucht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...