En Donneschdeg den Owend huet den ESD ( Eselen aus der Sauerstad Dikrich) op e Vernissage vun der Ausstellung 150 Joer Dikricher Cavalcade mat Presentatioun vun hirem Buch, a passend dozou een neit Lidd invitéiert. D'Lidd: "Mam Esel un der Spëtzt" huet Christine Heitz genau wéi och um Cd presentéiert a live am Zelt gesongen. D'Buch an den CD krit een zu Dikrech am Kulturhaus ze kafen. D'Ausstellung kann een nach kucke goen bis den 01.03.2020. Ganz vill Leit ware virwëtzeg a koume kucken an et gouf gutt gelaacht, well deen een oder aner huet sech op enger aler Foto erëmfonnt. D'Buch handelt iwwer d'Chronik vun der Dikricher Cavalcade vun 1870 bis elo. D'Recherchen dozou goufe vum Ernest Breuskin gemaach, wou ganz vill flott an interessant Saachen dra stinn. Fréier z.b. gouf nach de Motto vun der Cavalcade vum Veranstalter festgeluecht. Vun 1927 bis 1939 waren déi letzt virun dem Zweete Weltkrich. Duerno 1946 gong et awer erëm séier weider. Obwuel et de Leit u sech net no feieren war, hu si trotz allem eng Cavalcade op d'Bee gestallt ënnert dem Motto Gölden Hochzeit zu Juxda. D'Cavalcaden vun 1947 bis 1949 konnte just finanzéiert ginn, well Spende vun den Awunner agesammelt goufen. 1954 goung et dunn awer nees weider mat 30 Ween a Gruppen. Des sollt awer du jorelaang déi letzt sinn. 25 Joer méi spéit ass et weider gaang. De 25. Februar 1978 hu sech e puer Fuesgecken zesummegesat an den ESD gegrënnt. Genau 1 joer méi spéit um 14 Auer 30 setzt sech nees eng Dikricher Cavalcade op d'Been a wandert duerch Dikrech ënnert dem Motto: Dikkricher Eselsichkeeten. Bis elo war duerno all Joer eng Cavalcade. Mat Ausnam vun 1991 ass wéinst dem Golfkrich keng ofgehalen ginn. Dëst Joer ass déi 41 Editioun vun der Cavalde zu Dikrech den 23.Februar 2020, mä och den Datum fir 2021 steet fest. Do sinn d'Ieselen an der Sauerstad ganz verléift, do fält di Dikricher Cavalcade op Vältesdag. Text a Fotoen: Ketty a Rom Hankes
Vernissage: 150 Joer Cavalcade (20.2.20)