Kniddele si perfekt fir sech glécklech z’iessen. An dëser schwéierer Zäit brauche mer Platen, déi der Séil gutt dinn.

Ech variéieren dat klassescht Kniddelerezept an maachen eng super Kachkéiszooss fir derbäi.

Fir 2 Persounen – 45 Minutte Preparatioun – Vegetaresch

Fir de Basis Kniddeldeeg:

250g Miel
2 Eeër
125ml Mëllech
75ml Ram
½ Kaffisläffel Salz

Fir d’Kachkéiszooss:

100g Kachkéis, 40% Fett
100ml wäisse Wäin
220ml Ram
4 Kaffisläffel Moschter
4 Kaffisläffel Maizena
45g Rucola
2 Iessläffel Pignonen
Salz a Peffer

All d’Ingredienten fir d’Kniddelen an eng grouss Schossel ginn, mat Salz a Peffer wierzen an zu engem Deeg verréieren.

En Dëppe mat kachendem Waasser fëllen, an eng gutt Pout Salz dobäi ginn. E Kaffisläffel Deeg huelen an deen an ddat kachent Waasser zappen, mat engem zweete Läffel erofdrécken, sou dass den Deeg op de Fong vum Dëppen rutscht. E puer Kniddele maachen, mee d’Dëppen net iwwerfëllen.

D’Kniddele soulaang kache bis se ufänken eropzekommen – se dann nach eng weider 2 Minutte kachen, fir dass se duerch sinn. Mat engem Läffel aus dem Waasser raushuelen, an en Dëppe ginn an mat engem Deckel zoudecke fir d’Kniddelen waarm ze halen.

Wann d’Kniddelen all gekacht sinn, d’Zooss maachen: de Kachkéis an de Wäin an eng Kasseroll ginn an opkache loossen – dobäi konstant réieren. De Moschter an en Deel vun der Ram derbäi ginn. Déi rechtlech Ram mam Maizena vermëschen an och bei d’Zooss schëdden. Réieren an opkache loossen bis d’Zooss gedéckst ass.

D’Kniddelen op 2 Teller verdeelen, d’Zooss drop verdeelen a mat Rucola an Pignonen dekoréieren.

Aner Ideen:

  • Fir de Kniddeldeeg: d’Ram ewechloossen an amplaz 100g wäisse Kéis derbäi ginn. Oder, d’Ram mat kalem Spruddelwaasser oder Béier ersetzen (dat mécht e méi lockeren Deeg)

  • Fir Zooss z'ersetzen:
    • Fir traditionell Kniddelen, Speck ubroden. D’Kniddelen duerno am Botter ubrode bis se knuspreg sinn an de Speck derbäi ginn.
    • Eng Champignonszooss machen (hei ass en einfacht Rezept: http://anneskitchen.lu/recipes/german/bread-dumplings-with-mushroom-sauce/9)
    • All Zort vun Pasta-Zooss passt bei Kniddelen, mee ech hunn am léifsten crèmesch Zoosen.                                  

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun