E Risotto ass perfekt fir Saachen ze verschaffen, déi dir nach am Frigo leien hutt.

Ärer Fantasie ass keng Grenz gesat: dat meescht Geméis passt an e Risotto, all Zorte Kéis loossen sech dra verschaffen, an zum Schluss kann een nach gehaakte Kraider driwwer streeën.

Fir 2 Persounen

Basis Risottorezept:

½ Ënn
15g + 20g Botter
½ Iessläffel Olivenueleg
200g Risottoräis
100ml wäisse Wäin
500ml Pouletsbouillon
40g Parmesan
Salz + Peffer

Fir dëst Risotto Rezept:

100g gefrueren Ierbessen
65g Chorizorondelen

D’Ënn schielen a kleng haaken.

15g Botter mat dem Olivenueleg an engem Dëppen erhëtzen, d’Ënn mat enger Pout Salz fir 5 Minutten ubroden bis se mëll ass.

De Räis derbäi ginn an eng weider Minutt ubroden. Mam Wäin ofläschen a réiere bis déi ganz Flëssegkeet opgekacht ass. No an no jeeweils eng Louche Bouillon derbäiginn, an allkéiers soulaang réiere bis d’Flëssegkeet all absorbéiert ass.

Wärend de Räis kacht, d’Ierbessen e puer Minutte kache bis se duerch sinn. Ofschëdden an op d’Säit stellen. De Chorizo a kleng Stecker schneiden.

Soubal de ganze Bouillon verkacht ass, de Parmesan an de Rescht 20g Botter ënnert de Risotto réieren. D’Ierbessen an de Chorizo derbäi ginn an nach eng Kéier réieren.

Leftover Tipp: Wann een ze vill Risotto gemaach huet, kann een doraus den nächsten Dag Arancini maachen. De kale Risotto zu Bulle formen (wann een nach Mozzarella doheem huet, da kann een e Stéck an d’Mëtt vun all Bull stiechen). All Bull an e bësse Miel zappen, dann an en opgeklapptent Ee, an dann a Panéiermiel. Am Fett bei 180°C frittéiere bis se brong sinn.

Aner flott Risotto Variatiounen:

Champignonen + Knuewelek

Wäinzoossiss Risotto (link heirop: http://anneskitchen.lu/recipes/wainzoossiss-risotto/)

Safran + Mozzarella

Scampien + Knuewelek + Porrett

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun