Se gesinn aus wéi Gromperekichelcher, mee si vill méi gesond. E vegetarescht Rezept dat un d'Kannerzäit erënnert.

Mécht ongeféier 9 "Fritters" fir 2 Leit als Haaptplat oder fir 4 Leit als Entrée.

Fir 2 Persounen

Fir d’Fritters:

1 Courgette
2 Fréijoerszwiwwelen
eng Handvoll Bärlauch
200g Cottage Cheese
120g Miel
1 Ee
Olivenueleg, fir ze broden
Salz a Peffer

Fir den Dip:

2 Iessläffel Sauerram
1 Iessläffel Bratzelen, gehaakt

D’Courgette rappen an an en Sift ginn. Mat enger gudder Pout Salz bestreeën an d’Salz an d’Courgetten eramasséieren. Fir 20 Minutten op d’Säit stellen fir dass d’Courgette Waasser zitt.

Wärend där Zäit d’Fréijoerszwiwwelen a Scheiwe schneiden an de Bärlauch fein haken.

No 20 Minutten d’Flëssegkeet aus de Courgettë pressen a fort schëdden. D’Courgetten an eng Schossel ginn, d’Fréijoerszwiwwelen, de Bärlauch, Cottage Cheese, Miel, d'Ee, Salz a Peffer derbäi ginn. Gutt vermëschen.

Genuch Olivenueleg an eng Pan schëdde fir dass se ganz mat Ueleg bedeckt ass. Jeeweils en décken Iessläffel vum Deeg an d’Pan ginn fir e puer Fritters ze machen. D’Fritters op all Säit e puer Minutten ubroden bis se brong sinn, dann op Kichepabeier leeën.

Wärend d’Fritters broden, den Dip maachen. D’Sauerram mat de Bratzele vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.

Aner flott Fritters Variatiounen:

De "Bärlauch" mat Knuewelek, gehaakter Peffermënz, Dëll oder Basilikum ersetzen

De "Cottage cheese" ewech loossen an e bësse Feta bei d’Courgette ginn (manner wei de "Cottage cheese", well de Feta méi salzeg ass)

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun