De Gratin, e Klassiker aus der Kichen. Am Ursprong war et e Plat dee mat de Reschter zesummegestallt gi war.

Mécht 1 Gratin fir 8 Leit als Bäilag oder fir 4 Leit als Haaptplat

250ml Mëllech
250ml Ram
60g Botter + e bësse fir d’Form
2 Strauss Rosmarin
2 Knuewelekszéiwen
650g Gromperen
650g Séissgromperen
2 Eeër
150g Cheddar, Gruyère oder anere Kéis, gerappt
Salz a Peffer

D’Mëllech mat der Ram an dem Botter an en Dëppe ginn. De Rosmarin an eng geschielte Knuewelekszéif derbäi ginn an dat Ganzt erhëtze bis et bal kacht. Da vun der Plack erofhuelen an eng 20 Minutte mautsche loossen.

Iwwerdeems d’Gromperen an d’Séissgrompere schielen an a Scheiwe schneiden.

No 20 Minutten de Schäffchen op 180°C "Umluft" virhëtzen.

Dei zweet Knuewelekszéif opschneiden an eng Gratinsform mat der geschniddener Säit vum Knuewelek areiwen. Dann d’Gratinsform mat e bësse geschmoltem Botter afetten.

Eng Schicht Séissgromperen an d’Gratinsform leeën, da mat enger Schicht Grompere bedecken a mat e bësse Kéis bestreeën. Sou weiderfuere bis all d’Gromperen opgebraucht sinn, an eng gutt Portioun Kéis fir de Schluss halen.

De Rosmarin an d’Knuewelekszéif aus der Ram-Mëschung huelen an ewechgeheien. Zwee Eeër derbäi ginn, mat Salz a Peffer wierzen a gutt réieren. De Coulis iwwert d’Gromperen an der Form schëdden a mam Rescht Kéis bestreeën.

De Gratin fir eng Stonn am Schäffche baken, bis dass d’Grompere mell sinn.

Mat enger Zalot zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun