Ideal fir Schockelas-Reschter ze verschaffen.

Mécht 14 Cookies

225g Botter, Zëmmertemperatur
135g donkelen Cassonade
100g Zocker
1 Ee
2 Kaffisläffel Vanills-Extrakt
210g Miel
2 Iessläffel Puddingpolver oder Maizena
½ Kaffisläffel Salz
½ Kaffisläffel Bakpolver
¼ Kaffisläffel Natron
170g Schockela

De Schäffchen op 170°C "Umluft" erhëtzen.

De Botter mat dem Cassonnade an Zocker an enger Schossel gutt vermëschen, dann d’Ee drënner mëschen.

An enger separater Schossel d’Miel mam Puddingpolver, Salz, Bakpolver a Natron vermëschen. Bei d’Bottermëschung ginn an an den Deeg verschaffen.

De Schockela graff hacken an ënnert den Deeg hiewen (wann ee well dass een dono puer Schockelasstécker op de Kichelcher gesäit, dann haalt nach e bëssi Schockela op der Säit a stiecht en dono op den Deeg um Blech).

Fir all Cookie en decken Iessläffel Deeg op e Bakblech ginn, an net méi wei 6 Kichelcher pro Blech machen. Den Deeg net plattdrécken. Lo kann een nach e puer Stecker Schockela op den Deeg stiechen.

D'Kichelcher ongeféier 18 Minutte baken, bis se um Rand ufänke brong ze ginn an nach ganz mëll an der Mëtt sinn.

D’Cookies um Blech ofkille loossen éier een se erofhëlt.

Des Cookies hale sech eng gutt Woch an enger bleche Këscht.

Alternative:

Dir kënnt Hackernëss oder Pekannëss an den Deeg derbäi ginn

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun