Traditionelle lëtzebuerger Kascht mat engem Touch aus Italien

Fir 2 Persounen

3 Wäinzoossissen
300g Spaghetti
1 Iessläffel Sonneblummenueleg
10g Botter
1 Iessläffel Dijon Moschter
1 Iessläffel Lëtzebuerger Moschter
1 Iessläffel kärege Moschter
100ml wäisse Wäin
200ml Ram
Salz a Peffer

D’Wäinzoossisse längelzeg opschneiden an d’Haut erofhuelen. Kleng Stécker vun der Zoossiss ofbriechen an zu Bällercher formen (ongeféier 12g pro Bällchen).
 
Fir d’Zooss, de Sonneblummenueleg mam Botter an enger Pan erhëtzen. D’Fleeschbällecher ubroden bis se brong sinn, dann op en Teller setzen.
 
Dei dräi Zorte Moschter mam Wäin an d’Pan ginn an 2 Minutte laang opkachen. D’Ram dobäiginn, mat Salz a Peffer wierzen an d’Zooss e puer Minutten kache loossen. D’Fleeschbällecher derbäi ginn an op d’Säit stellen.
 
D’Spaghetti a kachendem Salzwaasser kachen bis se al dente sinn, d’Zooss mat de Bouletten drënner mëschen an direkt zerwéieren.
 
Mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun