Ee Rezept wat séier an einfach ze maachen ass.

Fir 2 Persounen

Fir 2 Sandwicher
 
Fir d’Ënnen:
1 rout Ënn
10g Botter
40ml roude Wäin
1 Iessläffel brongen Zocker
1 Iessläffel Balsamicoesseg
Salz

4 Scheiwe Brout
4 Kaffisläffel Moschter
80g gerappte Mozzarella
150g Cheddar, a Scheiwe geschnidden
Botter
Salz + Peffer

Mat den Ënnen ufänken: D’Ënn schielen an a Scheiwe schneiden. De Botter an enger Pan schmëlzen, d’Ënnen mat enger Pout Salz wärend 10 Minutten ubroden, bis se richteg mëll sinn.

De roude Wäin derbäi schëdden a soulaang kache bis de Wäin komplett verkacht ass.

De brongen Zocker an de Balsamicoesseg derbäi ginn a soulaang kache bis d’Ënnen gutt Karamelliséiert sinn an d'Flëssegkeet absorbéiert ass. Op d’Säit stellen.

D’Broutscheiwen ausleeën an 2 Scheiwe mat Moschter besträichen. D’Ënnen op deenen aneren zwou Scheiwe verdeelen. 60g Mozzarella op 2 Scheiwe verdeelen, 100g Cheddar op deenen aneren 2 Broutscheiwen. Mat Salz a Peffer wierzen an zwou Broutscheiwen openee klappen fir e Sandwich ze maachen.

Eng gutt Portioun Botter iwwert déi zwou iewescht Broutschéiwe sträichen. Eng grouss Pan erhëtzen an déi zwee Sandwichen op der Bottersäit no ënnen an d’Pan leeën. E schwéiert Gewiicht op d’Sandwicher stellen (en Dëppen oder en Teller mat Béchsen drop), an d’Sandwichen op niddreger Hëtzt eng 5 Minutten ubroden.

Wann d’Sandwichen bis ënnendrënner schéin ugebrode sinn, d’Gewiicht vum Sandwich erofhuelen an déi iewescht Broutscheiwe mat Botter besträichen. De Sandwich op d’Bottersäit ëmdréien, rëm d’Gewiicht dropstellen an eng weider 5 Minutten ubroden, bis dass de Kéis geschmolt ass.

D’Sandwichen an der Mëtt duerchschneiden a mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Alternativ Fëllungen:

  • Rout Ënnen + Bloe Kéis + Ruccola
  • Ham + Kéis + Moschter
  • Cheddar + Mango Chutney + Koriander
  • Raclette Kéis + réi Ham + Kornischong

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun