Entdeckt dem Anne säi Cupcake Rezept fir Ouschteren

Mécht 6 Cupcakes

Fir d’Cupcakes:
1 déck Wuerzel (100g)
25g Walnëss oder Pekannëss
40g Ananas (frësch oder aus der Bécks)
1 Ee
100g brongen Zocker
75ml Sonneblummenueleg
100g Miel
20g Kokosraspel
½ Iessläffel Kanéil
½ Kaffisläffel Bakpolver
¼ Kaffisläffel Salz
 
Fir d’Glasur:
25g Botter, Zëmmertemperatur
45g Pudderzocker
80g "Cream Cheese" (Philadelphia)
 
Fir d’Dekoratioun:
6 Marshmallows
6 Smarties
Sprinkles

De Schäffchen op 170°C "Umluft" erhëtzen.
 
D’Wuerzel schielen an rappen. D’Nëss an den Ananas hacken.

An enger grousser Schossel d’Eeër mam brongen Zocker vermëschen, da lues a lues den Ueleg derbäischëdden a wärend deem weider mixen.
 
An enger zweeter Schossel d’Miel mat de Kokosraspel, dem Kanéil, Bakpolver a Salz vermëschen. Bei d’Eeërmeschung ginn a vermëschen. Zum Schluss d’Wuerzelen, Nëss an Ananas drënnerhiewen an vermëschen.

Eng Muffin-Form mat 6 Cupcake-Pabeieren ausleeën. Den Deeg an der Muffin-Form verdeelen an d’Cupcakes 25-30 Minutte baken, bis se duerch sinn.

Wärend där Zäit d’Glasur preparéieren: an enger Schossel de mëlle Botter mam Pudderzocker zu enger gladder Mass vermëschen. De "Cream Cheese" drënner mëschen an an de Frigo stellen.
 
Wann d’Muffins bis gebak sinn, se op e Grill stellen a komplett ofkille loossen.
 
Wa se bis ofgekillt sinn, de Frosting driwwersträichen. D’Marshmallos diagonal opschneiden, sou dass een zwee Dräiecke kritt. Mat der opgeschniddener Säit no ënnen an d’Sprinkles dippen, an dann jeeweils zwee Marshmallows op en Cupcake setzen fir Oueren ze ginn. Eng Smarties pro Cupcake als Nues placéieren.
 
D’Cupcakes hale sech 3 Deeg am Frigo.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun