Super einfach a richteg gutt!

Fir 2 Persounen

Fir d’Zooss:
4 ½ Iessläffel Kakuettebotter
2 Kaffisläffel Sesamueleg
3 Iessläffel Sojazooss
2 Iessläffel Balsamicoesseg
1 Iessläffel Zocker
1 Knuewelekszéif
1 Kaffisläffel Ingwerpast
240ml Waasser

240g chinesesch Eeërnuddelen
 
Fir ze zerwéieren:
1 Fréijoerszwiwwel
schwaarz Sesamkären
Limettëscheiwen

Fir d’Kornischongszalot:
1 Kornischong
1 rout Chilischot (wann ee wëll)
3 Iessläffel Räisesseg (oder Wäisswäinesseg)
3 Iessläffel Sojazooss
eng Pout Zocker
1 Kaffisläffel Ingwerpast
1 Kaffisläffel Sesamueleg

All d’Ingrediente fir d’Zooss an e klengt Dëppe ginn an ënner réieren opkache bis d’Zooss gedéckst ass.
 
Wärend där Zäit d’Nuddele kachen an d’Fréijoerszwiwwel a Sträife schneiden.
 
D’Nuddelen ofschëdden an zréck an d’Dëppe ginn. D’Zooss drënnermëschen an d’Nuddelen op zwee Teller verdeelen. Mat Fréijoerszwiwwel a schwaarzem Sesam bestreeën a mat Limettescheiwen zerwéieren.
 
Fir d’Kornischongszalot:
 
D’Kornischong mat enger Bakrull grob zerstoussen an se dann a mondgerecht Stécker schneiden an an eng Zerwéierschossel ginn. D’Chili reng haken a bei d’Kornischong derbäiginn.
 
All déi aner Ingredienten an enger Schossel vermëschen an iwwert d’Kornischonge schëdden. Idealerweis 1 Stonn am Frigo marinéiere loossen.

Aner Toppings fir d’Nuddelen:

Gebrodenen oder gedëmpte Poulet
Gereecherten Tofu
Brokkoli
Edamame Bounen

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun