Déi japanesch Versioun vum Wiener Schnitzel.

Fir 4 Persounen

Fir de Schnitzel:
4 Schwéngsschnitzel
50g Miel
1 Ee
Panko Breadcrumbs oder Panéiermiel
Sesamkären
Ueleg, fir ze broden
Salz a Peffer

Fir d’Tonkatsu Zoos:
60ml Worcestershire Zooss
2 Iessläffel Sojazooss
2 Iessläffel Zocker
2 Iessläffel Ketchup
½ Kaffisläffel schaarfe Moschter
1 Iessläffel Sake (oder wäisse Wäin)
1 Iessläffel Japanesche Räisesseg (oder Wäisswäinesseg)
1 Iessläffel Mirin (oder Äppeljus)
1 Knuewelekszéif, gepresstS
Schaarfe Moschter, fir ze zerwéieren  
Mat der Tonkatsu Zooss ufänken: All d’Ingredienten an e klengt Dëppe ginn an opkachen. Eng gutt 15-20 Minutten op klenger Hëtzt kache loosse bis d’Zooss gedéckst ass.
 
Wärend där Zäit d’Schnitzele preparéieren. D’Miel op een Teller ginn a mat Salz a Peffer wierzen. D’Ee op en zweeten Teller ginn an mat enger Forschette opklappen. D’Panko Breadcrumbs oder Panéiermiel op en drëtten Teller ginn.
 
All Schnitzel als éischt an d’Miel zappen, dann an d’Ee an dann mat dem Panéiermiel komplett panéieren.
 
Eng Pan mat enger dënner Schicht Ueleg fëllen an dann d’Schnitzelen dodranner ubroden bis se duerch sinn (dat dauert ongeféier 3 Minutten op all Säit, mais et hänkt vun der Déckt vum Fleesch of). Op en Teller mat Kichepabeier leeën fir e bëssi Fett ofzesaugen, dann op en Teller leeën a mat der Tonkatsu Zooss an engem Flapp Moschter zerwéieren.

Fir d’Japanesch Kabeszalot:
¼ wäisse Kabes
80ml Japanesche Räisesseg (oder Wäisswäinesseg)
10g Zocker
3 Iessläffel Mirin (oder Äppeljus)
1 Iessläffel Sesamueleg
15g Ingwerpast
2 Iessläffel Sojaszooss
1 Kaffisläffel Ketchup
 
De Kabes reng raaspelen an an eng Schossel ginn. Kuerz mat den Hänn masséiere fir de Kabes e bësse méi mell ze kréien.
 
All d’Ingredienten fir d’Vinaigrette vermëschen an iwwert de Kabes schëdden an vermëschen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun