Einfach ze maachen, lecker a gesond!

Fir 2 Persounen

100g Bounen
100g gefruere Gaardebounen
100g gréng Spargelen
e bëssi Olivenueleg
zwee Gräpp Mauséiercherszalot a Ruccola (60g)
1 Iessläffel Pignonsen
1 Mozzarella
 
Fir d’Croutonen:
2 Scheiwen aalt Brout
Olivenueleg
1 Iessläffel wäisse Wäin
Salz + Peffer
 
Fir di gréng Vinaigrette:
40g Kraider (ech recommandéieren 20g Basilikum, 10g Peffermënz an 10g Estragon)
1 kleng Knuewelekszéif
50ml Olivenueleg
1 Iessläffel Zitrounejus
1 Iessläffel wäissen Balsamicoesseg (oder Wäisswäinesseg)
Salz + Peffer

D’Boune feeën an a mondgerecht Stécker schneiden. Am Salzwaasser wärend 5 Minutte kachen, dann d’Gaardebounen derbäiginn an eng weider 2 Minutte kachen. Ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken.
 
Di gréng Spargelen wann néideg ënnen ofschneiden. An eng Schossel ginn a mat e bëssen Olivenueleg vermëschen. Eng Grillpan erhëtzen an d’Spargelen doran soulaang grille bis se duerch sinn (dat dauert 7-15 Minutten an hänkt vun der Déckt vun de Spargelen of). Mat Salz a Peffer wierzen.
 
Fir d’Croutonen d’Brout a kleng mondgerecht Stécker schneiden. E bëssen Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Brout soulaang ubrode bis et op alle Säite schéi brong ass. Dann e Schotz wäisse Wäin an d’Pan schëdden (et wäert vill dämpen) a kuerz kache bis de Wäin verkacht ass. Mat Salz a Peffer wierzen, op en Teller leeën an op d’Säit stellen.
 
Fir d’Vinaigrette: d’Blieder vun de Kraider an e Mixer ginn. D’Knuewelekszéif schielen a pressen a bei d’Kraider ginn. Déi reschtlech Ingredienten derbäiginn an zu enger Vinaigrette mixen. Mat Salz a Peffer wierzen an eventuell e bëssi méi Zitrounejus derbäiginn.
 
D’Zalot zesummesetzen: d’Mauséiercherszalot an d’Ruccola an eng Zaloteschossel ginn. D’Bounen, Gaardebounen Spargelen, Pignonsen an Croutonsen derbäiginn. D’Mozzarella a Stécker rappen an driwwerstreeën, dann d’Vinaigrette derbäischëdden an d’Zalot gutt vermëschen. Direkt zerwéieren.

Aner Saachen fir op d’Zalot:

  • Gekachte Poulet driwwer streeën
  • Makréil aus der Bécks mat Olivenueleg derbäiginn
  • E puer Anchoisen haken a mat bei d’Zalot ginn
  • "Kapern" bei d’Zalot ginn

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun