Wa Spargelzäit ass gëtt et kee bessere vegetaresche Menü ewéi Spargel-Lasagne!

Fir 4 Persounen

450g wäiss Spargelen
eng Pout Zocker
4 Scheiwe gekachten Ham
10 Lasagneblieder
150g gerappte Mozzarella
20g Parmesan
 
Fir d’Bechamelszooss:
90g Botter
90g Miel
100ml wäisse Wäin
750ml Spargelwaasser
150ml Ram
Salz a Peffer

D’Spargele schielen. E puer Zentimeter vun de Stiller ënnen ofschneiden, dat ass déi holzeg Partie, déi mir net brauchen. D’Spargelen a mondgerecht Stécker schneiden – d’Spëtzten op d’Säit leeën.
 
En Dëppe mat 1.2l kachendem Waasser opsetzen. E bësse Salz an eng Pout Zocker derbäi ginn. D’Spargel-Stécker 5 Minutte kachen, da réischt d’Spargel-Spëtzen derbäiginn an eng weider 3 Minutte kachen. D’Spargelen aus dem Waasser fëschen a 750ml Spargelwaasser fir d’Bechamel op d’Säit stellen.
 
Fir d’Bechamel: de Botter an engem Dëppe schmëlzen. D’Miel derbäiginn a bei mëttlerer Hëtzt fir e puer Minutten ubroden bis et ufänkt Faarf ze kréien a gutt richt.
 
De Wäin derbäischëdden a réieren, dann no an no déi 750ml Spargelwaasser derbäischëdden, dotëscht ëmmer nees opkache loossen fir dass d’Zooss déckst. Zum Schluss d’Ram derbäischëdden an nach eng Kéier opkache loossen. Mat Salz a Peffer de Goût ajustéieren.
 
De Schäffchen op 180°C "Umluft" virhëtzen.
 
D’Lasagne zesummesetzen: de Buedem vun enger Lasagneform mat Bechamel bedecken. Eng Couche Lasagne-Blieder driwwer verdeelen, dann eng weider Couche Bechamel driwwerginn. D’Hallschecht vun de Spargelen drop verdeelen, mat enger Scheif Ham bedecken. E bësse Mozzarella driwwerstreeën an da mat enger weiderer Couche Bechamel bedecken. Eng weider Couche Lasagneblieder dropginn, Bechamel, Spargelen, Ham, Mozzarella an d'Bechamel. Eng drëtt Couche Lasagneblieder dropginn, mat Bechamel bedecken an da mat Parmesan an der reschtlecher Mozzarella bedecken.
 
D’Lasagne mindestens eng 30 Minutten am Schäffche baken (d’Zäit hänkt vun der Bak-Zäit vun de Lasagne-Blieder of – also kuckt um Pak).

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun